Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Fréier Dëschtennis Nummer 1 Eric Glod: Fall Sarah de Nutte änlech wéi säin zejoert

FLTT an der Kritik

Fréier Dëschtennis Nummer 1 Eric Glod: Fall Sarah de Nutte änlech wéi säin zejoert

Den Eric Glod, fréier Nummer 1 am Dëschtennis fuerdert Konsequenzen. Dat no de rezente Revelatioune vum 100,7 iwwert den Ëmgank vun der Dëschtennis-Federatioun mat interner Kritik. Hien hat zejoert wéinst Differenze mat der FLTT säi Récktrëtt aus dem Nationalkader annoncéiert.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Sven Beyrich

Hie seet elo, hie wier an engem Gespréich als "Feeler am System" duergestallt ginn, well hien net an der Struktur vun der FLTT schaffe wéilt.

Spiller:innen dierfen net mat decidéieren

Den Eric Glod, deen an Éisträich lieft an Dëschtennis spillt, wollt zejoert mat sengem Trainer an Ex-Nationalspiller Traian Ciociu zesumme schaffen. D’FLTT wollt dogéint, datt de Lénkshänner vum Nationaltrainer Peter Engel betreit géif ginn. Et wier een op kee gréngen Zweig komm, an dat hätt hien dozou beweegt opzehalen, sou den 31 Joer alen Eric Glod.

Hien hätt e puermol d’Gefill gehat, datt Leit hoffe géifen, hie géif net gewannen, am Stil: "Dat, wat s Du wëlls, fonctionéiert net: Du muss dat maachen, wat mir wëllen." Hien hätt och dräi Mol a Gespréicher gesot kritt, datt Spiller:innen net mat decidéieren dierften.

Parallellen tëschent den zwee Fäll

Den Eric Glod hat d’Gefill, d’Federatioun wéilt mat alle méiglechen Argumenter all Kritik oder aner Meenung vun engem Sportler oder enger Sportlerin als falsch widderleeën. Hie gesäit Parallellen zur Affär Sarah de Nutte. Viru knapp 3 Woche krut d’Dëschtennis-Spillerin e Blâme ausgesprach, well si kritiséiert hat, datt hiren Trainer si bei den Olympesche Spiller zu Paräis net coachen duerft.

Och d’Sarah de Nutte hätt just op e Problem higewisen. D’FLTT wär do déi selwecht Schinn gefuer wéi bei him, analyséiert den Eric Glod. Dat wier e Manktem u Respekt géintiwwer der Spillerin.

Wech vun der rigider Struktur

Et géif keng Balance gesicht ginn tëscht der Meenung vum Sportler an där vun der FLTT. Déi géif dominéieren, an de Sportler hätt sech dorun z’orientéieren. Fir den Eric Glod muss ee vun där rigider Struktur ewechkommen:

"Ech gesinn awer net, wéi dat sollt méiglech sinn, wann déi selwecht Leit nach ëmmer uewe sëtze wéi bei mir, oder wéi virun 10 Joer, wéi virun 20 Joer."

"Aner Leit un der Spëtzt"

Déi fréier Nummer 1 hofft op ee Konsens. Hien hätt selwer erlieft, datt dee mat där aktueller Konstellatioun vum Comité-directeur vun der FLTT net méiglech wier. A sengen Aen ass do mat Diplomatie näischt méi z’erreechen. Et misst méi Wiessel ageleet ginn.

"Wann déi Leit, déi am Moment do sinn, sech net beweege wëlle vun hirem Punkt, dann aner Leit un der Spëtzt, jo."

Zwee Leit vun der Oppositiounsequipe “Neie Wand”, déi um Kongress am Mee géint déi aktuell Spëtzt ugetruede war, kéinten näischt am Comité-directeur änneren. Den ëffentleche Konflikt ronderëm dee Kongress géif elo eben intern ausgedroe ginn, betount den Eric Glod.

Daniel Wintersdorff: Déi selwecht Leit wéi virun 20 Joer

Nom Eric Glod fuerdert mam Daniel Wintersdorff elo och e fréieren Dëschtennisnationalspiller Konsequenzen un der Federatiounsspëtzt. Am 100,7-Interview sot den Ex-Landesmeeschter am Simple, hie géif net verstoen, datt d’FLTT d’Kritik vun der Sarah de Nutte op den Olympesche Spiller zu Paräis net zougelooss huet.

Dat wier e Witz, sou den Daniel Wintersdorff, fir deen an der FLTT Leit iwwer aneren hir Käpp ewech decidéiere géifen. “Wann ee seng Meenung net ka soen, dann hu mir besser, mir paken an", fënnt den Ex-Champion.

“Ech hunn och laang Nationalekipp gespillt: Déi selwecht Leit sinn nach ëmmer do, déi och deemools schonn do waren. 2001 hunn ech opgehalen. Eng Verjéngung, mengen ech, wier ni schlecht, well ech mengen, de Sport geet jo och immens schnell weider, an d’Entwécklung vum Sport ass warscheinlech genau sou eng Saach wéi déi administrativ Entwécklung.”

Den Daniel Wintersdorff fënnt et och bezeechnend, datt kee fréieren Nationalspiller an der Federatioun matschafft. A sengen A misst sech eng ganz Ekipp géint déi aktuell Féierungsspëtzt opstellen an da vun de Veräiner gewielt ginn.

D’FLTT wëll hirersäits näischt zu den aktuellen Diskussioune soen. De President André Hartmann huet um Dënschdegmoien drop verwisen, datt muer um Mëttwoch eng Reunioun vum Comité-directeur vun der Federatioun ass.

Lauschterenplay_arrow