Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Horovitz - Music hall suite, IV. Soft shoe shuffle - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ Artisanal oder industriell Produite sollen zu Lëtzebuerg net geographesch geschützt ginn

Wirtschaft

Artisanal oder industriell Produite sollen zu Lëtzebuerg net geographesch geschützt ginn

Zu Lëtzebuerg sollen artisanal oder industriell Produiten net geographesch geschützt ginn. Dat geet aus engem Schreiwes vum Wirtschaftsministère ervir. Den Interessi fir esou Indikatioune wier net grouss genuch.

auto_stories

1 min

Foto: Sou schmaacht Lëtzebuerg

Een europäescht Reglement, dat vum 1. Dezember d‘nächst Joer un an de Memberlänner a Kraaft trëtt, gesäit d‘Schafe vun esou Indikatioune vir. Änlech wéi déi, déi et scho fir Liewensmëttel a Wäi gëtt.

Viséiert wieren elo Produite wéi zum Beispill Textilien oder nach Porzeläin a Glas. Zil wier et ënnert anerem de lokale Savoir-faire ze valoriséieren. Mee eng rezent ëffentlech Ëmfro hei am Land hätt just ee ganz klengen Interessi fir esou Indikatiounen op artisanalen an industrielle Produiten hei am Land opgewisen, esou de Wirtschaftsministère. Lëtzebuerg hätt deemno eng Demande fir eng Derogatioun zu Bréissel gemaach.