Radioen

On air

Notturno  |  Ludwig van Beethoven - Concerto fir Piano Nr.3, Op.37 - Hannes Minaar (Piano), The Netherlands Symphony Orchestra, Jan Willem de Vriend (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Tesla verkeeft manner Autoen, BYD verkeeft der méi

Automobilsecteur

Tesla verkeeft manner Autoen, BYD verkeeft der méi

Den US-Elektro-Autoconstructeur Tesla huet zejoert manner Autoe verkaf. Fir d‘éischte Kéier bannent 12 Joer sinn d‘Ventë bei Tesla zeréckgaangen. Tesla huet zejoert 1,79 Milliounen Autoe verkaf, dat war eng Baisse vu ronn engem Prozent am Verglach mam Joer virdrun.

auto_stories

1 min

Tesla Fabrik Berlin | © picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow
Tesla Fabrik Berlin (Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow)

Beim chineesesche E-Auto Produzent BYD, dem gréisste Konkurrent vun Tesla, sinn d‘Venten zejoert par conter staark geklommen, ëm 41 Prozent. BYD huet 1,77 Milliounen Elektro-Gefierer verkaf a läit domat weltwäit op der zweeter Plaz knapp hannert Tesla.