Scho zënter längerem hätten d’Giischtercher domat ze kämpfen, datt se ze dënn besat sinn, esou de President vun der Associatioun vun de Giischtercher Samir Djennas. D’Gewerkschaft widderhëlt dofir hir Fuerderungen, datt et méi Personal an de Prisonge bräicht, fir Virfäll, wéi dee vu gëschter, ze verhënneren.
Méi Personal géif den Drock eraushuelen
D’Personal wier einfach ze vill ausgelaascht, an dofir bräichten si einfach méi Leit fir déi aktuell Situatioun kënnen ze stäipen.
"Dat hëlt d'Drock op deenen zwou Säiten eraus. Wat méi mir Personal hunn, wat mir manner um Limitt musse schaffen, d'Leit méi hir Rouzäiten hunn an d'Leit méi stabil a frësch kënnen op hir Schicht kommen, well se deementspriechend Zäit doheem hunn, fir ofzeschalten."
Deenen dräi Giischtercher, déi am Virfall gëschter verwéckelt waren, géif et erëm gutt goen, esou de Samir Djennas. Wat genau geschitt wier, géif elo näischt zu der Sache béidroen.
"Déi genau Detailer, ob dat an iergendengem sengem Interêt ass - ech mengen, déi Saachen geschéien."
Gewësse Beruffsrisiko mee "et häuft sech"
Esou Virfäll kéinten ëmmer mol geschéien. Hir Aufgab wier et op déi aktuell Situatioun, an eeben och op déi, scheinbar strukturell, Problemer opmierksam ze maachen.
Doriwwer eraus géife Precautioune getraff ginn, ma als Giischtje misst een och eng gewësse Versicht un den Dag leeën - Distanzen halen, oppassen, Aen am Réck hunn, esou de Samir Djennas. Attacken op d'Personal am Prisong kéint een awer ni zu honnert Prozent evitéieren, dës Risiko géif quasi zum Beruff gehéieren.
Méi Budget fir de Recrutement
Datt sech esou Virfäll méi dacks widderhuelen léich, esou den Samir Djennas, och dodrun datt et mëttlerweil an der Gesellschaft eng méi niddereg Hemmschwell gëtt géigeniwwer Autoritéiten. An dat mécht och d’Aarbescht vun de Giischtercher méi geféierlech.
"Iwwer déi leschte Joren huet sech dat awer gehäuft, alles wat Menacë, Mordmenacë sinn, Beleidegunge sinn, Iwwergrëffer sinn."
Aus deem Grond fuerdert d’Associatioun vun de Giischtercher e méi héije Budget fir de Recrutement vun neiem Personal.