Den Täter, een Dokter aus Saudi-Arabien, war den 20. Dezember mat engem Auto um Krëschtmaart an d‘Leit gerannt. Ronn 300 Leit goufe blesséiert.
Hien ass an Untersuchungshaft. Säi Motiv ass weider onkloer. Et kéint sinn, datt hie psychesch krank ass. De Parquet huet e medezineschen Avis dozou an Optrag ginn.