Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ 6,8 op der Richterskala: Schwéiert Äerdbiewen am Tibet

Zuel un Affer klëmmt weider

6,8 op der Richterskala: Schwéiert Äerdbiewen am Tibet

Beim Äerdbiewen am Tibet sinn op d’mannst 95 Persounen ëm d’Liewe komm. Dat melle Chineesesch Staatsmedien. 130 Leit wiere blesséiert ginn. Zënter den éischte Meldungen um Dënschdegmoie goufen d’Doudeszuelen schonn e puer mol no uewe revidéiert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Sanjit Pariyar play_arrow
D'Äerbiewe war bis op Kathmandu ze spieren (Foto: picture alliance / NurPhoto | Sanjit Pariyar)

Am Tibet si bei engem Äerdbiewen op d’mannst 95 Persounen em d’Liewe komm esou Chineesesch Staatsmedien. 130 Leit wiere blesséiert ginn. Zënter den éischte Meldungen um Dënschdegmoie goufen d'Zuel un Doudesaffer schonn e puer mol no uewe revidéiert.

De chineeseschen Zentrum fir Äerdbiewe mellt eng Stäerkt vu 6,8 op der Richterskala. Déi amerikanesch USGS mellt esou guer eng Stäerkt vu 7,1. Besonnesch betraff wiere chineesesche Medien no  6 Dierfer déi sech am Ëmkrees vum Epizentrum befannen. An deenen Dierfer liewen eng 7.000 Mënschen. D’Äerdbiewe wier awer och an der nepaleesescher Haaptstad Kathmandu, esou wéi am Norde vun Indien ze spiere gewiescht.

Déif Temperature si Grond zur Suerg

Am Bezierk Tingri, nërdlech vum Mount Everest, wiere vill Gebaier zerstéiert oder beschiedegt ginn. Dëst wier virun allem bei den aktuelle Wiederkonditiounen e Grond zur Suerg. D’Temperature kéinten an der Nuecht nämlech bis zu -18 Grad erof goen. D’Sich no weideren Affer leeft op Héichtouren, mellt de chineeseschen Zentrum fir Äerdbiewen.

Duerch d’Zesummentreffe vun der indescher an der eurasescher Äerdplack, sinn Äerdbiewen an der Géigend keng Seelenheet. Et wieren am leschte Joerhonnert op d’mannst 10 Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6 oder méi op der Richterskala an dëser Géigend gewiescht, esou nach déi amerikanesch USGS.

Lauschterenplay_arrow