Ee Komponist deen een direkt mat Europa a Verbindung bréngt, ass ouni Zweifel de Beethoven. Dat beweist och dëse Concert vun den Amis du Chant an dem JAC Trio.
"Ween bei dësem Concert dobäi ass, erlieft de Beethoven net als groussen Titan, mee als sensibele Komponist. Eng seele Säit vum Beethoven. A ween vun him a senger Musek virdrun nach guer näischt héieren huet, dee versteet wat et mam grousse Komponist op sech huet."
Dat seet de Michael Töpel. Den däitsche Komponist a Musekswëssenschaftler hat dëse Concert am Mäerz 2024 am Kader vum Festival "Musek am Syrdall" initiéiert.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827):
- Ich bin der Schneider Kakadu op.121a
- Schottische Lieder op. 108
- Trio a Sib Majeur, op.1 Gassenhauer Trio
- Lieder verschiedener Länder WoO 158a
- Auld Lang Syne
Interpreten:
- Amis du Chant Luxembourg
- JAC Trio
Dëse Concert kënnt dir nach bis den 08. Juni 2025 an eiser Mediathéik nolauschteren.