Radioen

On air

Notturno  |  Gioachino Rossini - Petite messe solonnelle, IIIc.Et resurrexit - E. Buratto (S), S. Mingardo (M-S), K. Tarver (T), L. Pisaroni (B), Wiener Singak., OPL, G. Gimeno (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Freiburger Barockorchester spillt Vivaldi

Viva Vivaldi!

Freiburger Barockorchester spillt Vivaldi

Venedeg war dem Vivaldi seng Heemecht. Virun allem seng Concerti, hunn am Barock awer ganz Europa eruewert. De Freiburger Barockorchester spillt puer vu senge bedeitendste Wierker.

auto_stories

1 min

headphones

121 min

Freiburger Barockorchester | © Freiburger Barockorchester play_arrow
Freiburger Barockorchester (Foto: Freiburger Barockorchester)

Den Antonio Vivaldi huet zu senger Zäit net nëmmen déi verschidden europäesch Herrscher mat senger Musek begeeschtert, mee och Komponisten. Si hu sech seng Virtuositéit a seng Concerti als Virbild geholl. Dës Gattung huet de Vivaldi perfektionéiert wéi keen aneren an huet deelweis zwee Concerti pro Mount komponéiert. De Freiburger Barockorchester presentéiert ënnert dem Titel "Viva Vivaldi!" eng Auswiel aus dem Vivaldi senge knapp 500 Wierker.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Antonio Vivaldi (1678-1741):

  • Concerto a Ré, RV 562a
  • Concerto fir Flütt a Fa, RV 570 “La tempesta di mare”
  • Concerto a Sol Mineur, RV 156
  • Concerto fir Trompett a Ré, RV 537
  • Concerto fir zwou Trompetten a Ré, RV 781
  • Concerto fir Flütt a La Mineur, RV 440
  • Concerto a Sol Mineur, RV 107
  • Concerto a Fa, RV 571

Interpreten:

Freiburger Barockorchester
Daniela Lieb, Flütt
Hannes Rux, Trompett
Jaroslav Roucek, Trompett
Cecilia Bernardini, Gei/Direktioun