Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Carl Philipp Emanuel Bach - Sinfonie a Mi bémol Majeur, Wq/H deest, III. Allegro assai - Berliner Barock Solisten, Reinhard Goebel (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Bëscher ronderëm d'Welt an engem schlechten Zoustand

Internationale Rapport

Bëscher ronderëm d'Welt an engem schlechten Zoustand

D‘Bëscher si weltwäit duerch déi wirtschaftlech Exploitatioun an engem schlechten Zoustand. Dat geet aus dem internationale Rapport iwwert den Zoustand vun de Bëscher ervir. D‘lescht Joer si Beem op enger Fläch sou grouss wéi Lettland zerstéiert ginn.

auto_stories

1 min

Am Ganze wieren iwwer 6 Milliounen Hektar Bësch verluer gaangen. Bal 96 Prozent dovun an tropesche Regiounen. Besonnesch Afrika, Asien, Latäinamerika an d‘Karibik géifen hir Bëscher ofholzen. Virun allem Landwirtschaft, Stroossebau, Bränn an de Commerce mam Holz wieren dofir responsabel.