Justiz

Brandstëftungen um Grondhaff: 200.000 Euro Schuedenersatz gefuerdert

Um Dikrecher Geriicht huet gëschter de Prozess ëm zwou Brandstëftungen um Grondhaff ugefaangen. Am August 2019 hat e Mann vun haut 45 Joer do zwee net bewunnte Chaleten um Camping ugefaangen an am Mee 2023 e Feier an engem fréieren Hotel geluecht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Briquet (Symbolbild) | © picture alliance / imageBROKER | Lacz Gerard play_arrow
Briquet (Symbolbild) (Foto: picture alliance / imageBROKER | Lacz Gerard)

Besonnesch deen zweete Brand hätt dramatesch Konsequenze kënnen hunn, well dee Moment 23 Leit am Haus waren.

Aus dem Verdacht op Brandstëftung war séier Gewëssheet ginn. An de Mann, deen an deem Zesummenhank festgeholl gouf, war en ale Bekannte vun der Justiz.

"Jo, ech hunn dat gemaach"

Wéinst op d’mannst véier Bränn, déi hien 2008 an 2009 zu Schëffleng soll geluecht hunn, hat de Mann 2012 nämlech am Appell 15 Joer feste Prisong kritt. Hie war a Paraguay gaangen, gouf awer méi spéit vun Argentinien u Lëtzebuerg ausgeliwwert.

"Jo, ech hunn dat gemaach", waren dem Beschëllegte seng éischt Wierder gëschter. Hie wéisst haut, wat virun dräi an engem hallwe Joer alles hätt kënne geschéien. 

Hien hätt awer keng Erklärung dofir, firwat hien zum Briquet gräife géif, wann hie gedronk huet. Hie wéilt allerdéngs, datt esou eppes ni méi geschitt. Beim Feier 2019 um Camping hätt hien d'Flemm mam Liewe gehat a bei deem 2023 am Hotel keng Loscht méi ze liewen. 

"Do gëtt et aner Methoden, wéi en Hotel mat 23 Leit dran unzefänken", huet de President vum Geriicht him virgehalen. Hie wéilt sech entschëllegen, waren dem Beschëllegte seng lescht Wierder.

Alkoholismus als Grond?

E Psychiater huet vum Ugeklote senger Ofhängegkeet vun Alkohol geschwat. Déi kéint zu enger liichter Beanträchtegung vun der Urteelsfäegkeet gefouert hunn, wat eng Inzidenz op d'Strof hätt. 

E Brandexpert sot, datt d'Feier am Hotel séier weidergaange wier, an ee Polizist, datt de Beschëllegten déi éischt Brandstëftung eréischt no där zweeter zouginn hätt.

Net nëmmen d'Flamen hu Schued hannerlooss

Um Enn vun der Sëtzung hunn ënner anerem dräi Affekote fir fënnef Betraffener a véier Concernéierter selwer Schuedenersatz vun am Ganzen iwwer 200.000 Euro gefuerdert. 

Dobäi hunn d'Aussoe vun de Betraffene gewisen, datt deemools net nëmmen den Hotel zerstéiert, mee och d'Liewe vun enger Rëtsch Leit op d'Kopp gehäit gouf.

Dëse Prozess kënnt en Donneschdeg op en Enn.

 

Lauschterenplay_arrow