De Rapport mat de Recommandatioune gouf schonn Enn d’lescht Joer publizéiert. Déi national Euthanasie-Kommissioun huet drop higewisen, datt et am Gesetz ëm d’Palliativ-Fleeg virgesinn ass, datt den Dokter deen déi Fleeg net wëllt duerchféieren, den Dossier un een aneren Dokter muss viruginn, dat wier am Euthanasiegesetz net esou präziséiert.
Euthanasie bei Mannerjäreger ass net erlaabt
Weider misst een eng Diskussioun féieren iwwert de Fall vu Mannerjäreger, déi d’Euthanasie hei zu Lëtzebuerg d’office refuséiert kréien.
Déi national Euthanasie-Kommissioun recommandéiert iwwerdeems eng Opklärungscampagne iwwert d’Prozeduren.
Opklärungscampagne
Dozou huet d’Statsministesch Martine Deprez präziséiert, datt un enger neier Brochure géif geschafft ginn. Si wëllt och an Nomenclature vun der CNS eng nei Dokteschconsultatioun schafen.
Eise But ass et am Fong an der Regierung fir déi zwee Weeër opzezezeechnen a fir net exklusiv an déi eng Säit oder déi aner Säit iwwerzeschwappen."
An duerfir géif och eng Consultation fin de vie ausschaffen ginn, esou d'Martine Deprez.
"Net eng Consultation à euthanasie oder eng Consultation éthique d’euthanasie oder eng consultation de soins palliatifs mee eng Consultation de fin de vie, well oft feelt et un der Zäit,fir mat de Leit ze schwätzen, fir mat de Leit zesummen eng Disposition de fin de vie auszefëllen oder eng Directive anticipée auszefëllen."
Oft géif et och dorunner scheiteren, datt d'Leit net wësse wat den Ënnerscheed tëschent deenen zwee ass, mengt nach d’Statsministesch.