Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski (arr. Michail Pletnev) - Nussknacker Suite, Op. 71a, IV. Intermezzo - Giuseppe Albanese

play_arrow Live
opus

/ Caritas Spezialkommissioun: Iwwerrascht bis rosen iwwer Positioune vu Caritas a PwC

PwC stellt Konditioune fir gehéiert ze ginn

Caritas Spezialkommissioun: Iwwerrascht bis rosen iwwer Positioune vu Caritas a PwC

D’Spezialkommissioun Caritas vun der Chamber deet sech schwéier fir een éischte Bilan ze zéie vun den Aarbechte bis elo. D’Majoritéit vun de Membere weise sech um Méindegnomëtteg no enger weiderer Reunioun och iwwerrascht bis rosen iwwert d’Positioune vun der Caritas, respektiv vu PwC.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Michelle Barthel play_arrow
Foto: Michelle Barthel

D’Deputéiert sinn net “amused” doriwwer. Si hunn dat gëschter um Méindeg no enger Sëtzung, an där u sech en éischte Bilan sollt gezu ginn, zum Deel och kloer zum Ausdrock bruecht.

Deputéiert sinn net frou 

Am meeschte geluede war d’Taina Bofferding vun der LSAP. Si huet sech gefrot, ob jiddereen u Kloerheet an Transparenz an dëser Affär interesséiert wier.

"Da sollen se sech och erausstellen, dem ganze Land dat matdeelen a soen, dass si hei keen Interesse hunn, dass si wëllen, dass alles ënnert den Teppech gekiert gëtt, mee dat ass net eis Erwaardung."

Och d’Djuna Bernard vun déi Gréng war net frou. Wann d’Caritas net an d’Kommissioun kéim, wier dat bedauerlech, well eng Opklärung och an hirem Interêt wier.

"Ech kann nëmmen e waarmen Appell och maachen un déi Verantwortlech vun der Caritas, fir bei eis ze kommen, a mat eis en oppenen Dialog ze féieren."

Fir de Sven Clement vun de Pirate géif PwC sech opféieren, wéi wann d’Chamber e Bittsteller wier, an all gehéierten Acteur géif nei Froen opwerfen.

"Et ass heiansdo méi interessant ze wëssen, ob wat mir keng Äntwerte kréien, wéi dat, ob wat mir Äntwerte kréien."

Dem Tom Weidig vun der ADR no kéint d’Kommissioun kee forcéieren ze kommen. Donieft géif sech d’Fro stellen, ob een deen aktuellen oder de viregte Caritas-Verwaltungsrot ruffe sollt.

"Well ultimativ ass et de Conseil d’administration, dee responsabel war. Da misst een deen och ruffen."

Och d’Carole Hartmann vun der DP huet sech un den Äntwerte vu Caritas a PwC gestouss.

"Et geet drëms, Froen ze stellen, déi a Richtung gi vun der Zukunft an déi, mengen ech, eigentlech am Sënn vun der Allgemengheet sinn."

Nach kee Feedback zum Interessenskonflikt 

D’Kommissiounspresidentin Stéphanie Weydert vun der CSV huet hirersäits, wat hiren eventuellen Interessekonflikt ugeet, de Bâtonnier an den Ethikcomité vun der Chamber saiséiert, mee nach kee Feedback.

"Ech hunn och wierklech drop higewisen, dass déi Aarbechten hei an der Kommissioun sollen den 10. Abrëll ofgeschloss sinn, dass mer frou wieren, wann se sou séier wéi méiglech kéinten do tranchéieren."

Si huet jo an där Affekotenetüd geschafft, déi eng vun den zwou implizéierte Banke vertrëtt.

Enquêtekommissioun nach an der Hannerhand 

E Méinden ass eng Reunioun mam Comité de suivi aus eenzelne Ministèren. Bis Enn Februar sollen all d’Acteure passéiert sinn, fir datt eben am Abrëll e Rapport ka geschriwwe ginn. Wann et net nach zum Asetze vun enger Enquêtëkommissioun kënnt: Déi Waff hätt een nach an der Hannerhand, hat de Marc Baum vun déi Lénk betount.

Lauschterenplay_arrow