Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Caritas stoppt hir international Aktivitéiten

No Finanzbedruch

Caritas stoppt hir international Aktivitéiten

Eng 130 Leit, déi zu Lëtzebuerg an am am Ausland fir Hëllefsprojete vun der Caritas schaffen, verléieren hir Aarbecht. Wéi d’Caritas matdeelt, mécht si hir Büroen am Südsudan an am Laos zou.

auto_stories

2 min

Foto: Michelle Barthel

Ronn 20 Milliounen Euro huet d’Caritas Lëtzebuerg pro Joer an hirem Budget fir international Hëllefsprojete virgesinn. Bal d’Hallschent vun hirem Gesamtbudget.

Dëst Joer sollten eng 100 kuerz- a laangfristeg Projeten an enger Dose Länner ënnerstëtzt ginn. Nom Finanzbedruch, bei deem 61 Milliounen Euro geklaut goufen, wäert vun dësen Aktivitéiten net méi vill iwwreg bleiwen.

Projete mat gréisster Envergure gi gestoppt

Bis zu 20 méi kleng humanitär Projete gi vun aneren Acteuren iwwerholl. Fir dës Projete wier ee Finanzement vun am Ganzen tëscht sechs a siwe Milliounen Euro zougesot ginn, heescht et aus Caritas-Kreesser.

Deels sinn et aner Membere vum Caritas-Reseau déi hei asprangen. Dorënner zum Beispill eng Struktur a Moldawien, déi sech ëm den Accueil vun ukrainesche Flüchtlinge këmmert.

Mee d‘Projeten, déi vum Budget a vum Impakt hier déi gréissten Envergure haten, muss d’Caritas Lëtzebuerg stoppen.

An engem Communiqué schreift d’Fondatioun: "Plus de 60 projets seront arrêtés, laissant des milliers de personnes dans la précarité et des milliers sans espoir, espoir qu’ils avaient retrouvé grâce aux activités de la coopération internationale."

Caritas mécht Büroen am Südsudan a Laos zou

Notamment mécht d’Caritas hire Büro am Südsudan zou: Am Ganze ginn hei eng eng 70 lokal Aarbechtsplaze verluer. 20 Leit si schonn zënter Juli entlooss ginn. Fënnef Leit bleiwen elo nach fir eng kuerz Zäit agestallt, fir de Projet ofzewéckelen. An dësem Krisegebitt hat d’Caritas eng sëlleg Projeten am Beräich Gesondheet, Ernierungssécherheet a Landwirtschaft.

Och de Büro am Laos gëtt zougemaach. Hei hu ronn 30 Leit geschafft. D’Caritas bedreift am Laos ënnert anerem eng Crèche fir d’Kanner vu beruffstätege Mammen. Dës Struktur misst zougemaach ginn, präziséiert ee Caritas-Mataarbechter op Nofro hin.

"Hëllef um Terrain" iwwerhëlt just national Aktivitéiten

Hei am Land hunn eng 30 Leit fir déi international Aktivitéite vun der Caritas geschafft. Och si verléieren hir Aarbecht, confirméiert d’Fondatioun Caritas Lëtzebuerg elo.

Eng nei Entitéit, Hëllef um Terrain, där hir Grënnung dës Woch annoncéiert gouf, iwwerhëlt just déi national Aktivitéite vun der Caritas.

 

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft