Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ HUT iwwerhëlt een Deel vun den Aktivitéite vun der Caritas

"Hëllef um Terrain"

HUT iwwerhëlt een Deel vun den Aktivitéite vun der Caritas

Eng nei ASBL mam Numm HUT “Hëllef um Terrain”, soll déi national Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Caritas iwwerhuelen. Dat annoncéiert den aktuelle President vum Krisecomité vun der Caritas Christian Billon an engem Communiqué.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

D’Zil vun der geplangter ASBL wier et déi national Aktivitéite vun der Caritas vum éischten Oktober un ze iwwerhuelen. Domadder kéint een d'Hëllef un déi 20.000 Beneficiairë vun der Caritas hei zu Lëtzebuerg weider assuréieren an d'Aarbechtsplaze vun 350 Salariéë retten.

D’Salariéë vun der Caritas kréie proposéiert ënner där neier Entitéit ze schaffen a mat där nei Kontrakter ze ënnerschreiwen.

Membere vun der aktueller Caritas-Direktioun ginn net iwwerholl

Dee Projet wäert an totaler Onofhängegkeet vun der Caritas realiséiert ginn. Wéi steet et awer mat der Direktioun vun der ASBL HUT? Dorunner gëtt fir den Ament nach geschafft, preziséiert d'Claudia Monti, déi als Privatpersoun Grënnungsmember ass vun där geplangter neier ASBL Hëllef um Terrain. Membere vun der aktueller Caritas-Direktioun ginn awer net mat iwwerholl, erkläert d'Claudia Monti.

"Déi ass komplett aus den Diskussiounen ausgeschloss, well mir wëllen do wierklech de Cut maachen, do si jo och nach Saachen amgaangen. Do sinn Enquêten amgaangen, déi musse jo och aus Neutralitéitsgrënn op der Säit bleiwen."

Aarbechten un der Finanzéierung lafen

Net iwwerholl ginn déi international Aktivitéite vun der Caritas. Wéi et do virugeet bleift nach ongewëss.

D'Finanzéierung vun der neier Entitéit ass och nach amgaangen op d'Bee gestallt ze ginn, preziséiert d'Claudia Monti. D'Regierung géif och eng Rei Garantië froen, "datt dat net ënner der selwechter Form wäert si wéi dat, wéi et bei der Caritas war".

D'Claudia Monti wäert d'nächst Joer Verwaltungsrotspresidentin ginn

Ënner de Grënnungsmember sinn ënner anerem d'Ombudsmann Claudia Monti, d'Fondatioun Félix Chomé an d'Fondation la Luxembourgeoise. De Bistum, deen un der Caritas bedeelegt ass, ass net Grënnungsmember.

De Christian Billon ass fir eng Iwwergangszäit an deem neie Verwaltungsrot a gëtt d'nächst Joer vun der Claudia Monti ersat, wann hiert Mandat als Ombudsman dee Moment op en Enn geet. Si wéilt do och verhënneren, datt et zu Vermëschunge kënnt tëschent der ASBL an hiren aktuellen Aktivitéiten als Ombudsman.

D'Claudia Monti am Interview

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft