Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Nicola Porpora - Nell'attendere il mio bene, aus 'Polifemo' (Oper) - Philippe Jaroussky (Countertenor), Venice Baroque Orchestra, Andrea Marcon (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Centre Medical du Sport gouf offiziell ageweit

Sport a Gesondheet

Centre Medical du Sport gouf offiziell ageweit

Um Freideg am spéiden Nomëtte gouf den neie Centre médical du Sport am CHEM zu Nidderkuer offiziell ageweit, deen awer schonns zanter Februar operationell ass. Zil wier et Sportlerinnen a Sportler ee beschtméigleche medezineschen Encadrement ze bidden, esou d‘Explikatioune vum medezineschen Direkter vum CHEM op der Inauguratioun.

auto_stories

1 min

Den neie Centre médical du Sport am CHEM zu Nidderkuer gouf offiziell ageweit (Foto: Archiv)

Am neie Sportzenter kann ee Medezinner:inne, Kinéen, Osteopathen an Osteopathinnen an Ernärungsberoder:inne consultéieren an op innovativ Apparater zeréckgräifen.

D’Iddi fir eng Sportsklinik wier virun e puer Joer opkomm, erkläert den Dr. Romain Schockmel, deen och President vun der Handball-Federatioun ass. 2,3 Joer hätt et gebraucht fir de Projet mat den Infrastrukturen op d’Been ze setzen.

E groussen Deel gëtt vun der CNS rembourséiert

8 Méint no der Ouverture, zitt de medezineschen Direkter vum CHEM ee positive Bilan. 1.700 Patientinnen a Patiente wieren an deem Zäitraum am neie Sportzenter zu Nidderkuer behandelt ginn. Ee groussen Deel vun de Prestatiounen, gëtt vun der Krankekeess rembourséiert, zum Beispill wann et em de Gesondheetszoustand vun enger Persoun geet.

Verschidde Prestatioune ginn allerdéngs net rembourséiert, zum Beispill Consultatiounen déi mat der sportlecher Performance ze dinn hunn oder bei engem Bilan iwwer d‘Ernierung. De Centre médical du Sport géing sech virun allem u jonk Sportler:innen adresséieren, déi wéilten eng Carrière entaméieren, präziséiert den Dr Romain Schockmel.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet