Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Norbert Burgmüller - Entr'actes, Op. 17, I. Adagio - Hofkapelle Stuttgart, Frieder Bernius (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ “Gesondheet vu muer”: Zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg

Healthcare Week

“Gesondheet vu muer”: Zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg

An der Luxexpo um Kierchbierg ass haut a muer déi zweet Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg. De Manktem u Personal am Gesondheetswiesen, déi personaliséiert Medezin an déi Kënschtlech Intelligenz am Kliniksalldag: Dat sinn e puer vun de groussen Theemen, ëm déi et geet. 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Op dësem Kongress geet et och dorëm, d'Zesummenaarbecht an der Groussregioun mat hiren 12 Milliounen Awunner:innen ze fërderen.

De Personalmanktem am Gesondheetssecteur wier ee "massive Problem" a ganz Europa, ënnersträicht de President vun der FHL, den Dr. Philippe Turk. Et wier ee fir een transnationale Formatiounswee mat den Universitéite vun der Groussregioun.

Et seet ee virun enger Innovatiounswell

Den Dr. Philippe Turk wëllt de Gesondheetssecteur beim Event um Dënschdeg a Mëttwoch och méi breet gesinn, wéi dat traditionell de Fall ass. Um Kongress géif et also och ëm Startuppe goen, esou de Coorganisateur. Et géif ee virun enger "Innovatiounswell" stoen: Vun Digitalisatioun, iwwer nei Technologien, bis zu personaliséierter Medezin.

"An dat wäert Ëmwälzunge vum ganze Secteur mat sech bréngen, déi noutwenneg sinn, an déi ee ganz Koup gesellschaftlech Froen opwerfen, déi ganz fundamental sinn.“

Wat déi personaliséiert Medezin zum Beispill ugeet, kréich een an Zukunft vill méi Informatiounen, iwwer d'Patienten a Patientinnen, erkläert den Dr. Philippe Turk.

"Sief dat iwwer Biotechnologie, sief dat Genomik: Donnéeën, déi et wäerten erlaben, vill méi prezis a personaliséiert Medikamenter ze entwéckelen, déi natierlech dann och vill méi deier ginn.

Kënschtlech Intelligenz am Gesondheetssecteur

D’Käschtenexplosioun am Gesondheetssecteur ass och allgemeng eng vun den Erausfuerderunge fir de System. Dowéinst misst een op där enger Säit u Performance gewannen, fir sech op där anerer Säit nei Ausgabe kënnen ze leeschten.

Een anert grousst Theema ass aktuell och am Gesondheetsberäich déi Kënschtlech Intelligenz (KI), confirméiert den FHL-President Philippe Turk. Déi wäert an allen Domainen, dorënner och d'Recherche an d'Gestioun vum Gesondheetssecteur zouhuelen.

Fir innovativ a villverspriechend Projete fir de Gesondheetssecteur ginn haut op der Healthcare Week erëm Präisser iwwerreecht. 

Fuerschung vun där d'Personal am Gesondheetssecteur profitéiere kann

De Fuerschungspräis goung d’lescht Joer un de Centre François Baclesse vun Esch. Dat wéinst der Qualitéit vun der medezinescher Recherche an der Radiotherapie a wéinst der grenziwwerschreidender Collaboratioun an der Recherche.

Dem Direkter vum Centre François Baclesse no, de Guillaume Vogin, hätt dëse Präis e puer Joer un Aarbecht an u Fuerschung ausgezeechent.

"Avec les universités de la Grande Région, où on a souhaité aller plus loin dans la formation notamment des médecins, en proposant donc des recherches sur la simulation par exemple.“

Aus dëser Fuerschung konnt ee vill Innovatioun erauszéien, vun där vill Personal am Gesondheetssecteur a Frankräich, Däitschland, Belsch an zu Lëtzebuerg profitéiere kéint.

Beim Event haut um Dënschdeg a muer, Mëttwoch um Kierchbierg sinn iwwer 2.500 Leit ageschriwwen, an et sinn eng 100 Exposantë mat dobäi.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet