Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Johannes Brahms (arr. Fritz Kreisler) - Ungaresch Dänz fir Gei a Piano, Nr.17 - Linus Roth (Gei), José Gallardo (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Verlängerung vu Subventiounen: Oppositioun weist sech verwonnert iwwert den Datum

Erneierbar Energie

Verlängerung vu Subventiounen: Oppositioun weist sech verwonnert iwwert den Datum

D’Chamber huet gréng Luucht gi fir ee Gesetzprojet, deen déi méi héich Subventioune fir erneierbar Energië bis Enn Juni 2024 verlängert. D’Oppositioun an der Chamber huet sech awer Froe gestallt, firwat datt déi Hëllefen net ewéi vum Premier ugekënnegt bis Enn September verlängert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D'Applikatioun geschitt réckwierkend op den 1. Januar. Déi nei Regierung hat dat esou no de Walen annoncéiert, d‘Verlängerung vum Delai gouf awer elo réischt gestëmmt.

D’Oppositioun an der Chamber huet sech awer Froe gestallt, firwat datt déi Hëllefen an enger éischter Etapp nëmme bis Enn Juni verlängert ginn, an net ewéi vum Premier ugekënnegt bis Enn September.

Oppositioun: Et feelt u Planungssécherheet

De Premier Luc Frieden hat et an der Deklaratioun zur Lag vun der Natioun ugekënnegt: Déi sougenannten "Top-up Klimabonus Wunnen Subventiounen", déi am Prinzip bis Enn Juni sollte verlängert ginn, géife bis Enn September verlängert ginn, éier een neie Programm u Primmen agesat ginn, wéi och de Christophe Hansen erkläert huet.

"Mir schwätzen iwwert de Klimabonus an dem sougenannten Top-up, an deen ass Enn Dezember 2023 ausgelaf an ass duerch dëse Projet de Loi ëm 6 Méint bis Enn Juni 2024 verlängert ginn."

D’Oppositioun huet sech éischter skeptesch gewisen iwwert déi partiell Verlängerung, sou zum Beispill déi LSAP-Deputéiert Claire Delcourt.

"Mir riskéieren also d‘Verlängerung vum Top-up ze stëmme fir eng Period, déi schonn ofgelaf ass. Dat zu engem Ament wou schonn een neie Regime gëllt, fir deen et awer nach keng nei Basis gëtt. Wéi sollen d‘Leit dann nach doriwwer den Iwwerbléck behalen."

Och déi fréier Ëmweltministerin Joëlle Welfring ass erstaunt.

"Mir froen eis och, wisou mir hei ee Gesetztext stëmmen, wou jo schonn annoncéiert gouf, datt déi aktuell Top-up Aidë weider gëlle sollen. Wier et net méi effizient a manner verwirrend gewiescht, dësen Datum eben direkt unzepassen?"

An de Jeff Engelen, Deputéierte vun der ADR, betount, d’Leit misste kloer wëssen, wat si ze gutt hunn,

"D‘Leit bräichten awer och Planungssécherheet wat alles op si duerkënnt, wat si kënnen erwaarde vu Subventiounen an net."

An dräi Amendementer haten d’Oppositiounsparteien nach probéiert, den Datum vum Delai op Enn September ze fixéieren. Ëmsoss, d’Majoritéit huet se verworf.

Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet a senger Interventioun betount, datt een déi zweet Verlängerung nodréiglech géif stëmme loossen. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik
Ëmwelt