Radioen

On air

Notturno  |  Georg Anton Benda - Sinfonie Nr.5 a Sol Majeur - Prague Sinfonia Orchestra, Christian Benda (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Chambre de Commerce stellt 10 Recommandatioune fir de Lëtzebuerger Defensemarché vir

Lux4Defence

Chambre de Commerce stellt 10 Recommandatioune fir de Lëtzebuerger Defensemarché vir

D’Chambre de Commerce wëllt, datt d’Militärausgaben déi klammen och der Lëtzebuerger Wiertschaft ze gutt kommen. Dofir huet d’Chambre de Commerce um Dënschdeg bei enger Pressekonferenz 10 Recommandatioune presentéiert, mat deenen Entreprisë fir den Défensemarché besser opgestallt a gestäerkt solle ginn. Déi Recommandatioune goufe bannent engem hallwe Joer vun engem Aarbechtsgrupp ausgeschafft.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Philippe Glaesener a Carlo Thelen | © Charly Petit, Chambre de Commerce play_arrow
Philippe Glaesener a Carlo Thelen (Foto: Charly Petit, Chambre de Commerce)

110 Entreprisë ginn et momentan zu Lëtzebuerg déi Militärausrüstungen oder Produiten déi fir Militärausrüstunge gebraucht gi produzéieren. Eng gutt Basis wéi de Carlo Thelen Generaldirekter vun der Chambre de Commerce fënnt. Den Aarbechtsgrupp wier awer néideg gewiescht. Virun Allem wann ee kuckt wat u Militärausgaben op Lëtzebuerg duerkënnt.

“Wa mir elo musse méi wéi 1,4 Milliarden Euro ab 2030 a souguer scho vläicht éischter mussen all Joer opbréngen, dat ass een enorme Montant an do hoffe mir, datt dann awer Suen och zu Lëtzebuerg an d'Wirtschaft soll zeréckfléissen.”

Industrie-Hub a gesécherte Retour

Vun deenen 10 Recommandatiounen déi den Aarbechtsgrupp ausgeschafft huet, wieren der e puer ervir ze hiewen, esou de Philippe Glaesener President vum Aarbechtsgrupp.

Notamment d’Grënnung vun engem gesécherten Hub fir Entreprisen aus dem Secteur an den industrielle Retour dee misst developpéiert gi wann d’Lëtzebuerger Arméi eppes keeft. An och un engem Gesetz missten Ännerunge virgeholl ginn.

Rechtlech Onsécherheet hemmt Investitiounen

D’Gesetz vun 2022 géif d’Situatioun um Lëtzebuerger Marché onsécher maachen, esou de Philippe Glaesener. Nei Entreprisen, déi sech hei um Marché wéilten etabléieren, wiere permanent am Doute, ob si verschidde Saache fir d’Defense dierften developpéieren oder produzéieren.

 “An dofir menge mir, datt do eng Revisioun vun deem Gesetz misst gemaach ginn, fir op d'mannst Entreprise an den Developpement och hei zu Lëtzebuerg an deem Domän vun der Defense ze favoriséieren.”

Den Zäitplang fir déi Recommandatiounen ëmzesetzen ass ambitiéis, mee misst wéinst der geopolitescher Lag ëmsetzbar sinn, sou de Philippe Glaesener, President vum Aarbechtsgrupp. Deen Zäitplang gesäit vir, datt bis 2026 d’ Hallschent vun de Recommandatioune scho sollen ëmgesat ginn.

Lauschterenplay_arrow