Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  

play_arrow Live
opus

/ OCDE: Pensiounssystem op laang Dauer net nohalteg

Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenarbecht an Entwécklung

OCDE: Pensiounssystem op laang Dauer net nohalteg

D`OCDE hält Ännerungen um Lëtzebuerger Pensiounssystem fir onëmgänglech, wann déi méi nohalteg soll ginn. Dat sot den OCDE Generalsekretär Mathias Cormann um Méindegmëtte virun der Press. 

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Pensioun | © Bigstock play_arrow
Pensioun (Foto: Bigstock)

Thema war den ekonomesche Rapport, deen d’OCDE all zwee Joer iwwer Lëtzebuerg presentéiert. Schonn 2022 war am Rapport ervir gehuewe ginn, datt de Pensiounssystem net nohalteg wier. E Léisungsvirschlag fir de Pensiounssystem ze entlaaschte wier, dem Mathias Cormann no, eng Erhéijung vun de Cotisatiounen.

"Ouni politesch Ännerunge bleiwen d’Cotisatioune konstant bei 9,3 Prozent vum PIB. De System géif an Zukunft ëmmer manner drobar ginn. Tatsächlech wäert d’Zuel vun de Pensionéierte bis 2070 ëmmer méi schwiereg ze finanzéiere ginn. Eng schaffend Persoun wäert d’Pensioun vun enger Persoun finanzéieren, amplaz vun 2,3 Pensionéierte, ewéi nach am Joer 2022."

Et wier een der Meenung, datt an noer Zukunft eng ëmfaassend Reform néideg wier, fir de Pensiounssystem nohalteg ze halen. 

Lauschterenplay_arrow