Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Camille Saint-Saëns - Concerto fir Cello Nr.1, Op. 33, I. Allegro non troppo - Damien Ventula (Cello), Orchestre de Chambre de Toulouse, Gilles Colliard (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ REVIS an RPGH: Hausse vun 2,6 Prozent

Gesellschaft

REVIS an RPGH: Hausse vun 2,6 Prozent

Fir den äermsten a vulnerabelste Leit zu Lëtzebuerg ënner d'Äerm ze gräifen, gëtt et vum 1. Januar un och eng Hausse vun 2,6 Prozent beim REVIS, dem "Revenu d’inclusion sociale", a beim RPGH, dem "Revenu pour personnes gravement handicapés". D‘Chamber huet déi Erhéijung gëschter eestëmmeg ugeholl.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

D'lescht Woch haten d'Deputéiert och scho fir en Erhéijung vun 2,6 Prozent vum soziale Mindestloun gestëmmt.

Déi sozialistesch Deputéiert Claire Delcourt betount um Donneschdeg an der Chamber och: Et misst méi fundamental a laangfristeg iwwer weider Reforme bei Revenuen an Hëllefe fir déi Schwächst an eiser Gesellschaft nogeduecht ginn.

"Fir eng Persoun mat geréngem Akommes kann och eng kleng Hausse schonn e groussen Ënnerscheed maachen. Mee mir dierfen awer net vergiessen, dass d'Montante vum REVIS an och vum RPGH och mat der virleiender Upassung nach ënner dem Referenzbudget leien, fir dezent liewen ze kënnen an och ënner der Aarmutsrisikogrenz."

Lauschterenplay_arrow

Mat den aktuelle Montante kéint deemno eng gerecht sozial Inklusioun a gesellschaftlech Participatioun net garantéiert ginn.