Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Frédéric Chopin - Nocturne Nr.2 a Mi bémol Majeur, Op. 9 - David Fray (Piano)

play_arrow Live
opus

/ David Viaggi zouversiichtlech, datt de Google Datenzenter op Biisse kënnt

Jorelaange Projet

David Viaggi zouversiichtlech, datt de Google Datenzenter op Biisse kënnt

An der Gemeng Biissen lafen aktuell nach Analysen an Etüden, wéi de geplangte Google Datazenter kéint an d‘Landschaft era passen. Wann déi ofgeschloss sinn, kritt d‘Gemeng eng Demande fir eng Baugeneemegung. Dat seet den David Viaggi am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Wann déi konform ass, wäert d‘Gemeng se ënnerschreiwen. Den David Viaggi ass zënter 5 Joer Buergermeeschter zu Bissen. Et wier vill Zäit an den Dossier investéiert ginn an hien hätt op vill Froen eng Äntwert kritt. Virop am Kontext Waasserkillung.

Op deem Punkt hätt d’Gemeng sech kloer positionéiert. Si wier net bereet, déi Quantitéiten ze liwweren, scho guer net Drénkwaasser Op der Säit vun der Gemeng mengt den David Viaggi awer och net, datt sech mam Waasser déi selwecht Froe géife stellen, ewéi viru 5 Joer. 

Keng kritesch Stëmm vu Säite vun de Bierger:innen

De Bissener Buergermeeschter weist sech zouversiichtlech, datt d‘Gemeng de Projet wäert accordéieren. Och vu Säite vun der Bierger:innen hätt hie bis elo keng kritesch Stëmmen héieren.

"D'Leit stellen natierlech oft d'Fro: Kommen déi dann elo? Anerer sinn der Meenung, datt se net méi kommen, wat jo och normal ass. Ech mengen, dass de Projet elo säit 2017 hei zu Lëtzebuerg zirkuléiert an och zu Biissen. Ech hunn elo net d'Gefill, datt et negativ ass."

Den David Viaggi ass der Meenung, datt wann ee proppere Kader geschaf ass, d‘Leit sech keng Suerge brauchen ze maachen. Och als Land wéilt ee virukommen. Wann ee jorelaang un engem Projet schafft, kéint een herno och net soen, et hätt ee sech anescht entscheet, esou den David Viaggi.

Lauschterenplay_arrow