Chambre des Salariés

Cyberattack op d'CSL: Plainte ass deposéiert, Betraffener goufe kontaktéiert

Wéinst enger Cyberattack viru gutt enger Woch huet d’Chambre des Salariés eng Plainte deposéiert. Dat sot d’Martine Mirkes, Directrice adjointe vun der CSL, eis op Nofro hin.

auto_stories

1 min

Radio 100,7 | © Radio 100,7
Site vun der CSL (Foto: Radio 100,7)

D’Cyberattack war sonndes de 26 Juli. Betraff ware virop d’Donnéeë vu Leit, déi bei der CSL u Coursen deelgeholl hunn, beispillsweis am Kader vum Lifelong Learning.

Betraffener solle virsiichteg bleiwen 

D’CSL hätt déi Betraffen e puer Deeg drop per E-Mail informéiert, esou d’Martine Mirkes.

"Mir hu fest misste stellen, datt e relativ klengen Undeel vun eise Kontakter betraff war. Daten, Kontaktdaten, awer och Daten, déi een zum Beispill op enger Rechnung ka gesinn, wéi d'Demandë vun enger Facture oder eng IBAN-Nummer, kënnen och deelweis betraff gewiescht sinn." 

D’CSL warnt déi Betraffe virsiichteg ze si wat Kommunikatiounen iwwer Mail, Telefon oder SMS ugeet. Dat, well déi geklauten Donnéeë fir Online-Fraude kéinte benotzt ginn.

Wien hanner dem Cyberugrëff stécht wier nach net bekannt.