D‘Trauer vun den Eltere wier net just op d‘Zäit no der 22. Woch limitéiert. Och méi fréi Feelgebuerte géifen zu psychescher a kierperlecher Belaaschtung féieren.
D‘Sozialiste verlangen dofir en Text, dee souwuel Feel-, wéi och Fréigebuerten ofdeckt. Eng Gesetzespropos an deem Sënn géif een zäitno virleeën.