Gesetzesprojet

D‘ASBL natur&ëmwelt wiert sech weider géint de geplangte Contournement vun Alzeng

D'ASBL stellt de Gesetzesprojet a Fro, virun allem déi staatlech finanziell Patricipatioun un dësem Projet, deen 390 Milliounen Euro kaschte soll. Dat wier eng ganz wichteg Schutzzon fir Vigel mat enger remarkabeler Biodiversitéit, op déi de Contournement ee ganz negativen Impakt wäert hunn. 

auto_stories

2 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D’Biodiversitéit an deem Gebitt hätt schonn ofgeholl, warnt d’Direktesch vun natur&ëmwelt, d'Claudine Felten. Trotzdeem géif een do nach ëmmer reegelméisseg Wäissstorche beobachten.

"Dat ass esou déi opfällegst en emblemateschst Aart, wou do ze beobachten ass. Am Wanter ass et e wichtegt Gebitt fir de Sëlwerreier, deen een ëmmer méi gesäit, wou dovunner profitéiert datt fiicht Wisen do ronderëm si fir ze iwwerwanteren an och op Narungssich ze goen."

Awer och vill aner Aarte géif een ëmmer nees do gesinn, wéi zum Beispill de Piwitsch, de Krukert oder och de Wuechtelkinnek – eng Aart, déi leider op der leschter rouder Lëscht als Ausgestuerwe gemellt gi wier.

D’Gebitt wier deemools eebe grad als Natura-2000-Zon ausgewise ginn, well een d’Natur do an engem favorabelen Zoustand erhale wollt.

"Wat net nëmmen eng positiv Auswierkung huet elo fir d'Biodiversitéit, mee grad wéi mir aktuell alleguer feststellen, mir sinn an der Klimakris, et ass enorm dréchen. Op där anerer Säit riskéiere mir ëmmer erëm Héichwaasser a mat Staarkreen."

Zousätzlech Strooss géif méi Trafick bréngen

Grad esou Gebidder kéinte vill méi Waasser zeréckhalen, wa se renaturéiert wieren. 

"Si halen d'Waasser. Et bleift méi laang am Gebitt dran, wat eeben och bei Drécheperioden sech da positiv déi ganz Natur auswierkt." 

natur&ëmwelt ass dann och der Meenung, datt eng zousätzlech Strooss de Verkéiersproblem net léist, mee riskéiert, nach méi Trafick ze generéieren.

D'ASBL mengt weider, et wier schwéier an Zäiten, wou manner Suen do sinn, esou een héijen Investissement ze rechtfäerdegen. Et wier besser, dës Ressourcë fir den Ausbau vum ëffentlechen Transport, der Renaturéierung oder der Upassung un de Klimawandel ze gebrauchen. 

natur&ëmwelt gehäit den Autoritéiten am Dossier Contournement och ee Manktem un Transparenz a Kommunikatioun vir.