Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ D'CSV bleift géint een Erofsetze vum Walalter op 16 Joer

Walen

D'CSV bleift géint een Erofsetze vum Walalter op 16 Joer

Am Géigesaz zum Educatiounsminister Claude Meisch vun der DP ass de Koalitiounspartner CSV weiderhi géint ee Walrecht ab 16 Joer un.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Walen | © picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz

Dem CSV-Generalsekretär Alex Donnersbach no ass seng Partei 9 Joer nom Referendum nach ëmmer der Meenung, datt d’Walrecht an d’Groussjäregkeet net vunenee getrennt sollte ginn.

De fréiere President vun der Jugenpartei CSJ ass awer perséinlech der Meenung, datt een iwwer dës Positioun, déi virun enger Rei Joren ageholl gouf, erëm debattéiere sollt.

“Ech weess net a wéi fern et eng Demande vun deene Jonke selwer ass. Mee ech mengen, et ass éischter eng grondsätzlech Debatt doriwwer, wéi eng Demokratie soll ausgesinn. D’Jugendparteien hei am Land haten dat ëmmer erëm gefuerdert. Ech war jo selwer do dobäi."

Ënnert dem Stréch géing et drëms goen, e Konsens ze fannen, wéi eng Debatt soll ausgesinn, huet den Alex Donnersbach gemengt.

De Claude Meisch hat sech um 100,7 um Bord vun enger Reunioun vun den EU-Ministere fir een Erofsetze vum Walalter ausgeschwat. Trotzdeem géif sech d’Regierung weiderhin un de Referendum vun 2015 halen, sou nach den DP-Minister.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik
Politik a Gesellschaft