Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Europäeschen Ëmweltverband: “D’Wale sinn nach net verluer”

Ëmwelt- a Klimapolitik

Europäeschen Ëmweltverband: “D’Wale sinn nach net verluer”

De Patrick Ten Brink vum europäeschen Ëmweltverband EEB bedauert, datt am Virfeld vun den Europawalen net méi iwwer Klima- an Ëmweltpolitik geschwat gouf. Am 100,7-Interview huet hien och Erklärunge ginn, firwat dat sou kéint sinn.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Patrick Ten Brink | © European Environmental Bureau play_arrow
Foto: European Environmental Bureau

Och wa bis elo net genuch iwwert Ëmwelt- a Klimasujeten diskutéiert gouf, wieren d’Walen nach net verluer, betount de Patrick Ten Brink.

"Die Leute müssen sich einfach sagen: Das ist für uns wichtig. Und wir schauen uns dann an, was die verschiedenen Kandidaten versprechen, was sie in der Vergangenheit gemacht haben. Und dann wählen wir entsprechend."

De Patrick Ten Brink huet och ee konkret Beispill ginn: Viru fënnef Joer hätten déi Gréng um Enn 20 Sëtz méi kritt, wéi d’Ëmfroe virausgesot haten. "Diese Wahl ist also noch nicht verloren”, huet den Ëmweltaktivist betount.

2024 ass net 2019

De Kontext wier haut en aneren, wéi virun de leschten Europawalen, esou den Ëmweltaktivist. Deemools hätte grouss Klimademoen d’Politiker am Virfeld vun de Walen ënner Drock gesat fir ze handelen. Dat wier haut anescht.

De Patrick Ten Brink féiert dat zum Deel drop zeréck, datt an de leschte Joren net genuch gemaach gouf fir Klimamesuren sozial ofzefiederen. Dat misst sech elo änneren.

"Wir müssen in den nächsten Jahren systematisch die soziale Ebene integrieren. Damit alle Bürger, egal ob die reich sind oder arm, den Nutzen vom Green Deal verstehen. Das war ein Fehler in den letzten fünf Jahren: Dass nicht darüber wurde, wie wir alle vom ökologischen Wandel profitieren können."

Déi nächst Kommissioun misst dat elo kloer kommunizéieren, esou den Ëmweltaktivist. "Wir machen das hier, und davon profitieren alle Bürger”, misst de Message sinn, fënnt de Patrick Ten Brink.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Europawalen
Politik
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt