Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Concerto fir Piano Nr.24 an Do Mineur, KV. 491 - François Chaplin (Piano), Victor Hugo Franche-Comté Orchester, Jean- François Verdier (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D'Croix Rouge huet en Defizit vun 2 Milliounen Euro am Service vun de Bluttspenden

Spidolsfederatioun fuerdert anere Finanzéierungsmodell

D'Croix Rouge huet en Defizit vun 2 Milliounen Euro am Service vun de Bluttspenden

Fir d’Defizitter an de Grëff ze kréien, proposéiert d’Spidolsfederatioun en alternative Finanzéierungsmodell, mat deem de Staat de ganze Service vun de Bluttspende finanziell ofdeckt.

auto_stories

1 min

© Bigstock / ginasanders
Foto: Bigstock / ginasanders

Amplaz, datt de Service fir all Bluttprodukt eenzel bezuelt gëtt, kéint een, dem Dr. Philippe Turk, President vun der FHL, no iwwerleeën, datt dës Aktivitéit am Kader vum Spidolsgesetz kéint finanzéiert ginn.

De Philippe Turk lauschterenplay_arrow

"Mir hunn do aner Beispiller, fir verschidden Aktivitéite vum Staatslaboratoire. Also dat ass e séchere Modell, deen ee kéint undenken."

Dat géif bedeiten, datt d'Croix-Rouge net méi ëmmer nei mat der CNS iwwer d’Präisser verhandele muss, mee e fixen Deel vum Staatsbudget kréie géif. Fir d’Spideeler géif sech duerch eng Ëmstellung vum Finanzéierungsmodell net vill änneren. Wichteg wier awer, datt déi héich Qualitéit vun de Servicer, déi ëmmer méi komplex Technologien a Prozesser verlaangen, erhale bleift, esou de Philippe Turk.

Well d’Tariffer, déi d'CNS fir d’Bluttprodukter festleet, zënter Joren net ugepasst goufen, kritt d'Croix-Rouge net genuch Suen, fir d’Käschten ze decken. Dofir muss d’Croix-Rouge elo Spenden, déi eigentlech fir aner Projete geduecht sinn, benotzen, fir den Servicen de Bluttspenden ze finanzéieren.