Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Gewerkschaften a Patronat si sech eens iwwer neien SAS-Kollektivvertrag

Fleegesecteur

Gewerkschaften a Patronat si sech eens iwwer neien SAS-Kollektivvertrag

D‘Gewerkschaften an d‘Patronat aus dem Fleegesecteur si sech iwwert een neien SAS-Kollektivvertrag eens ginn.

auto_stories

1 min

Foto: copas.lu

Den Accord gouf haut Mëttwoch ënnerschriwwen an trëtt den 1. Januar d‘nächst Joer a Kraaft – fir eng initial Dauer vun 3 Joer, heescht et am Schreiwes. Virgesinn ass ënnert anerem eng Revalorisatioun vun den éischten 3 Carrièren. Doriwwer eraus engagéieren d‘Signataire sech ënnert anerem fir ee Prozess ze lancéieren, fir een eenheetleche Kollektivvertrag fir d‘FHL an d‘SAS op d‘Been ze setzen. Datt et den Ament zwee verschidde Kollektivverträg gëtt, géif nämlech grouss Ongläichheeten tëscht de Salariéeë schafen, heescht et nach am Communiqué.