EU - Iran

D'EU a weider 26 Länner verurteelen d'Hiriichtunge vun Demonstranten am Iran

D'Europäesch Unioun a 26 Länner hunn d‘Executiounen vun Demonstranten am Iran verurteelt. Dorënner ënner anerem Frankräich, Groussbritannien a Kanada. An enger gemeinsamer Erklärung gëtt kritiséiert, datt d'Doudesstrof agesat géif ginn, fir Kritiker:inne roueg ze stellen.

auto_stories

1 min

© EPA/MOHAMMED BADRA
(Foto: EPA/MOHAMMED BADRA)

Och soll déi gesamt Populatioun duerch d'Hiriichtungen ageschüchtert ginn, esou d'Kritik. Dofir fuerderen d'Länner den Iran op, d'Doudesstrof direkt net méi unzewenden an all Persounen, déi arbiträr festgehale ginn, fräizeloossen.

D'Zuel vun den Exekutiounen am Iran ass zënter dem Ufank vum US-israeelesche Krich géint den Iran Enn Februar geklommen. Vill vun den Higeriichte ware wéinst hirer Participatioun un de Protester verurteelt ginn, déi Enn Dezember ugefaangen haten.