Eréischt fir déi zweete Kéier gëtt muer den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch gefeiert. Dat, nodeems de Kulturministère deen Dag d’lescht Joer ageféiert huet.
Datt de Choix op de 26. September gefall ass ass iwwerdeems keen Zoufall, seet den Eric Thill am 100,7-Interview. Op deem Dag ginn uechter Europa déi verschidde Sprooche gefeiert.
Rekordaschreiwunge beim INLL
Mee brauch Lëtzebuerg deen Dag wierklech? Gëschter hat d’Direktesch vum Nationale Sproocheninstitut am 100,7-Interview nach gesot, datt et net genuch Proffe fir d’Lëtzebuergesch-Coursë ginn. Eng Promotioun zu dësem Ament kéint also vläit kontraproduktiv sinn?
Den Eric Thill widderhëlt, datt d’Demande fir Lëtzebuergesch ze léieren immens grouss ass. Dëst Joer hätt den Nationale Sproocheninstituti INLL Rekordzuele bei den Aschreiwunge gehat.
An Zukunft sollen d’Coursen och ausgebaut an diversifiéiert ginn. Ausserdeem soll d’Offer dezentraliséiert ginn, erkläert de Kulturminister. Och méi beruffsspezifesch Coursë sollen ugebuede ginn.
Trotz gerénger Demande: Eric Thill zweifelt net um Master fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Fir méi Proffen am Lëtzebuergeschen auszebilde louch vill Hoffnung um deementspriechende Master op der uni.lu. Dee bleift war d’Demande ugeet awer hanner den Erwaardungen zeréck.
Den Eric Thill betount, datt all dës Volete vum Educatiounsministère geréiert ginn, hält awer um Master fest.
“Den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch ass ganz grouss, an do muss een iwwer de Master probéieren, Leit an Zukunft fir d’Sprooch ze begeeschteren.”
Et wier een enkt Zesummespill tëschent Kultur an Educatioun. Um Enn wier de Kulturministère awer just fir d’Promotioun an d’Visibilitéit vun der Sprooch zoustänneg, esou de Minister.
Aktiounsplang 2027: Op eng partizipativ Aart a Weis Iddie sammelen
Muer um Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ginn dann och uechter dat ganzt Land eng Rei Aktivitéiten ugebueden. Eng 60 Stéck op 30 verschiddene Plazen.
An engem Workshop kënnen d’Leit hir Iddie mat abrénge fir den nächsten Aktiounsplang, deen ufanks 2027 lancéiert soll ginn.
“Jiddereen, deen intresséiert ass, kann dohi kommen an dem Kulturministère seng Iddie fir dli Lëtzebuerger Sprooch mat op de Wee ginn. Et ass e partizipative Gedanke fir déi Iddien ze sammelen an déi ufanks 2027 mam neien Aktiounsplang ze lancéieren.”
Verschidden Iddie wiere schonn do. Am Laf vun 2027 wäert de Plang da kënne presentéiert ginn, erzielt den Eric Thill.
Méi Lëtzebuergesch an den Administratiounen: Och e symboleschen Akt
Des Weideren ass rezent e Gesetzesprojet an der Chamber deposéiert ginn, dee virgëtt, datt ëffentlech Verwaltungen an där Sprooch mussen äntwerten, an där si eng Demande och kritt hunn – dat gëllt fir déi dräi offiziell Amtssprooche Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.
Et wier zu engem Deel och e symboleschen Akt, gëtt de Kulturminister zou. An awer géing de Stellewäert vun der Sprooch esou nach emol gestäerkt ginn.
Op dës Manéier géing déi Lëtzhebuerger Sprooch och nach méi applizéiert ginn, seet den Eric Thill, deen och op Online-Tools wéi den LOD, Spellchecker an d’Schreiwmaschinn verweist, déi beim Schreiwe vum Lëtzebuergeschen enrom hëllefe kënnen.
Fir d’Administratioune géing dat net vill zousätzlechen Opwand bedeiten, mengt de Minister.
Et wier wichteg gewiescht d’Sproochegesetz vun 1984 unzepassen, well esouwuel d’Sprooch, wéi och d’Gesellschaft sech zënterdeem vill weiderentwéckelt hunn.
Den ZLS als Kulturinstitut
Iwwer de selwechte Projet de loi soll och den Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch ZLS a sengen Aufgabe gestäerkt ginn. Iwwerdeems soll den Educatiounsministère aus der Tutelle erausgoen.
“D’Lëtzebuerger Sprooch ass zënter dëser Regierung an d’Kompetenz vum Kulturministère gefall a fir do Kloerheet ze hunn hu mir d’Kompetenzen ënner eng Tutelle gesat, (...) an dat ass aktuell de Kulturministère.”
Doriwwer eraus gëtt den ZLS elo e Kulturinstitut. Och dat huet vill mat Symbolik ze dinn, esou den Eric Thill, mee säi Stellewäert gëtt gestäerkt an och d’Gestioun wäert sech änneren.
CNA: Choix vun neiem Direkter op leschter Ligne droite
E ganz anere mee aktuell Dossier ass den CNA, de Centre national de l’audiovisuel zu Diddeleng. Nodeems den Ex-Direkter Gilles Zeimet wéinst Virwërf vu schlechter Gestioun a Stëmmung demissionéiert hat, leet de Carlo Blum den CNA als Interim.
Den Eric Thil erkläert, datt d’Prozedur fir en neien Direkter ze fannen, deemnächst ofgeschloss wäert sinn. An den nächste Woche wäert hien dem Regierungsrot eng Persoun fir de Poste virschloen.
Ob et sech eventuell och ëm de Carlo Blum handele kéint, wollt hien net soen. Et géing ee Gespréicher féieren, mee et wieren och vill aner gutt Kandidaten an der Course.