Dat Europäescht Reglement (Digital Service Act) gesäit vir, datt an all Land een Digital Service Coordinator designéiert gëtt. Dee këmmert sech ëm d‘Koordinatioun tëschent der Europäescher Kommissioun an de Coordinateuren aus den aneren EU-Länner. Zu Lëtzebuerg iwwerhëlt d‘Autorité de la Concurrence dës Roll.
Grouss Plattformen, déi méi wéi 45 Milliounen User:innen hunn, gëllen als Very Large Online Platforms (Vlop), erkläert de President vun der Konkurrenzautoriéit Pierre Barthelmé. Bei deenen deele sech d‘Europäesch Kommissioun an déi jeeweileg Autoritéiten aus den EU-Länner d‘Kompetenzen. D‘Kommissioun huet d‘Kompetenz systeemesch Risike vun der Plattform ze kontrolléieren. Si geet also zum Beispill der Fro no, ob ee Contenu eng Gefor fir d‘Demokratie kéint sinn.
Strofen an Héicht vu bis zu 6 Prozent vum weltwäite Joresëmsaz
Alles wat do drënner ass läit an der Kompetenz vun den Digital Service Coordinateuren an deenen d‘Plattformen hire Sëtz hunn. Zu Lëtzebuerg ass Amazon déi eenzeg Vlop. Dat heescht awer net, datt ee sech als User:in soll direkt un d'Konkurrenzautoritéit wennen, wann een op der grousser Onlineverkaftsplattform faktesch falsch oder illegal Contenue gesäit. Déi soll een als éischt un d‘Plattforme selwer mellen. Déi muss nämlech Meldungsinstrumenter hunn, erkläert de Pierre Barthelmé.
Bei Verstéiss kënne säfteg Strofe verhaange ginn. Entweeder vun der Europäescher Kommissioun oder vun der jeeweileger nationaler Autoritéit, jee no deem, wien zoustänneg ass. Dat an enger Héicht vu bis zu 6 Prozent vum weltwäite Joresëmsaz. Déi Ëmsätz, déi si jo normalerweis a Milliardenhéicht.