Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.7 a Mi Majeur, D 729, III. Scherzo a Trio - Münchner Symphoniker, Kevin John Edusei (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Francine Closener: D'Regierung sollt sech un den EU-Institutiounen inspiréieren

Informatiounszougang

Francine Closener: D'Regierung sollt sech un den EU-Institutiounen inspiréieren

Déi delegéiert Kommunikatiouns- a Medieministerin Elisabeth Margue war gëschter um Dënschdeg an der Chamber fir e Gesetzesprojet virzestellen, dee si virun der Summerpaus do deposéiert hat. Dora geet et ënner anerem ëm den Informatiounszougang. Fir d‘LSAP Deputéiert Francine Closener ass de Projet de loi an där Hisiicht enttäuschend. 

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Foto: Chambre des Deputés

D‘Francine Closener fënnt, datt ee sech bei der Reglementatioun un den EU-Institutiounen inspiréiere kéint. Also bei de Froen, a wéi engem Delai Ministèren an ëffentlech Verwaltungen op Demandë vun der Press musse reagéieren, a wéi eng Dokumenter si musse rausginn. 

„D'EU-Institutioune si jo elo net onbedéngt bekannt als onbürokratesch, mee wann et awer drëms geet fir Dokumenter erauszeginn, da si se ganz onbürokratesch an et geet vill méi séier.“

Do wier den Delai 15 Schaffdeeg an et kritt een de Refus kloer matgedeelt.

Am Projet de loi, deen um Dënschdeg an der Chamberkommissioun presentéiert gouf, ass rieds vun engem Delai vun engem Mount. Et kann awer och sinn, datt ee guer keng Äntwert kritt. Dat wier dann als Refus ze verstoen. D'LSAP wéilt dat net matdroen. Aus der Chamberkommissioun kréich d‘LSAP-Deputéiert net den Androck, datt d‘Regierung nach mat sech diskutéiere léisst.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Medien
National
Politik a Gesellschaft
Interview