Radioen

On air

Notturno  |  Pierre-Hercule Brehy - Missa Pro Defunctis, VI. Sanctus - CantoLX, Ensemble De La Chapelle Saint-Marc, Frank Agsteribbe (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D'Tali geet fir Lëtzebuerg op den ESC

Eurovision Song Contest

D'Tali geet fir Lëtzebuerg op den ESC

No enger vollgepaakter iwwer zwou Stonne laanger Show ass d’Decisioun gefall. Déi 23 Joer jonk Sängerin Tali – mat ganzem Numm Tali Golergant – konnt sech mat hirem Lidd “Fighter” duerchsetzen. An dat mat zum Schluss am ganzen 178 Punkten.

auto_stories

2 min

Foto: Sophie Schroeder

D’Krick koum mat 165 Punkten op déi zweete Plaz an de Joel Marques huet mat 136 Punkten déi drëtte Plaz beluecht.

Dat bedeit also lo, datt Lëtzebuerg déi éischte Kéier mat engem Lidd, wat net ganz op franséisch ass, um Eurovision Song Contest untriede wäert.

Am Alter vun 10 Joer ass d’Tali op Lëtzebuerg komm an ass op d’International School gaangen an dernieft nach a Solfège an Danzcoursen. Zu New York huet si da Musical Theatre studéiert a krut zejoert hiren Diplom.

Special Acts waren um Luxembourg Song Contest an der Rockhal och dobäi: d’Vicky Leandros, wat 1972 fir Lëtzebuerg den Eurovison Songcontest gewonnen huet, d’Anne-Marie David, dat d’Joer drop fir Lëtzebuerg gewonnen huet, mee och den Alexander Rybak, deen 2009 fir Norwege gewonnen huet.

"Alles gëtt gutt"

D’Tali huet no der Show erzielt, si hätt an de leschte Woche bei de Preparatiounen ënnert anerem eng wichteg Lektioun geleiert – an zwar: Ëmmer mat de Féiss um Buedem ze bleiwen. D’Tali huet no hirer Victoire e beweegende Message un hirt fréiert Ech geriicht: Net sou ee Perfektionist ze sinn, an datt alles gutt gëtt.

Vill Zäit fir sech auszerouen huet d’Gewënnerin elo net. Haut geet et direkt weider op eng Rëtsch Presserendez-vousen. D’nächst Woch fänke schonn d’Preparatioune fir Schweden mat Coaching un. An da geet et fir d’Tali am Mee fir d’éischt op d’Halleffinall vum Eurovision Songcontest zu Malmö, wou sech entscheet, ob Lëtzebuerg och an der grousser Final zu Malmö den 11. Mee wäert vertruede sinn.

Aktualitéit
Musek
Rock a Pop