Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ D'VW-Mataarbechter wiere sech géint de geplangte strikte Spuerprogramm

Onsécher Zäiten an der Autosindustrie

D'VW-Mataarbechter wiere sech géint de geplangte strikte Spuerprogramm

Et géif een d‘Zoumaache vu Sitten, Entloossungen a Lounkierzungen net acceptéieren, esou d‘Haaptpersonalvertriederin. Si huet haarde Widderstand ugekënnegt.

auto_stories

1 min

VW | © picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg
Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg

Schold un der Kris beim däitschen Autosconstructeur wieren hirer Meenung no net d‘Mataarbechter mee d‘Direktioun. D‘VW-Spëtzt huet hirersäits hir Spuerpolitik verdeedegt – virum Hannergrond vun onsécheren Zäiten an der ganzer Autosindustrie. Virun allem de Marché vun neien Autoe stécht an der Kris. Et hätt een nach een, vläicht zwee Joer Zäit fir d‘Rudder erëm ze rappen, esou de Finanzchef vum Konzern.

VW ass de gréissten Autosconstructeur an Europa.