Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  

play_arrow Live
opus

/ No 5 Joer: Grouss Reouverture vun der Notre-Dame

Paräis

No 5 Joer: Grouss Reouverture vun der Notre-Dame

Et kéint ee stolz op dat sinn, wat een zesummen erreecht huet. Sou den Emmanuel Macron op der grousser Reouverture vun der Kathedral Notre-Dame. Fir dës Occasioun huet de franséische President héije Besuch invitéiert.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Stephane Rouppert
Foto: picture alliance / NurPhoto | Stephane Rouppert

Notre-Dame, gouf jo viru fënnef Joer duerch e Feier staark beschiedegt. Aus der ganzer Welt koume Spenden zesumme fir den Opbau vun Notre-Dame ze finanzéieren. Um Enn waren et 846 Milliounen.

Den Donateuren, genee ewéi de Pompjeeën, déi am Asaz ware fir d’Feier ze kontrolléieren an och all den Handwierker:innen an Artisanen, déi beim Opbau gehollef hunn, huet de President Emmanuel Macron bei senger Usproch an der Kathedral e grousse Merci am Numm vum franséische Vollek ausgeschwat. Viru fënnef Joer hätt een e ganz béisen Dag erlieft, mee et hätt een direkt ugefaangen den Opbau vun Notre-Dame ze plangen, sou de President.

Vill manner Gäscht wéi erwaart

Et kéint ee stolz op dat sinn, wat een zesummen erreecht huet, sou de Macron. Et wier een Zeechen dofir, wat alles mat Fraternitéit méiglech ass, sot de President virun de versammelte Gäscht. Ënner hinnen d’groussherzoglech Koppel, den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier, de Prënz William aus Groussbritannien an och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an de fréieren an nächsten US-President Donald Trump, déi de Macron allebéid virun der Zeremonie fir eng Entrevue an den Elysée agelueden hat.

Dat eenzegt wat bei der historescher Reouverture net wollt matspille war d’Wierder. Wéinst Reen a staarkem Wand koume just 4.000 Spectateure laanscht d’Kathedral kucken – zéng Mol manner ewéi erwaart goufen. Vun haut den Owend un ass Notre-Dame awer och nees fir de Public op.

Renconter tëscht Selenskyj an Trump am Elysée

Bei der Renconter tëschent dem Selenskyj an dem Trump huet den ukrainesche President op ee gerechte Fridden insitéiert.

Den Donald Trump huet sech jo am Walkampf géint den héije Militärbudget gestäipt, deen d‘USA der Ukrain an de leschten 2 Joer accordéiert huet. Den Trump wäert eréischt Mëtt Januar an d‘Wäisst Haus kommen. Entretemps huet den amerikanesche Verdeedegungsministère um Samschdeg der Ukrain nach eemol militäresch Hëllef an Héicht vun 988 Milliounen Dollar versprach.

Den Trump an de Selenskyj hunn sech, ongeplangt, op Initiativ vum franséische President Macron am Elyseepalais begéingt, fir strategesch Gespréicher.