Radioen

On air

Notturno  |  Arash Safaian - Concerto fir P., Vibraph. a Synth. Nr.1 "Infinite Games", III. Empty Set - Sebastian Knauer (Piano), Pascal Schumacher (Vibr.), Zürcher Kammerorchester

play_arrow Live
opus

/ Déi däitsch Police wëllt den Trafic op der Grenz net onnéideg belaaschten

Trotz Kontrollen

Déi däitsch Police wëllt den Trafic op der Grenz net onnéideg belaaschten

Haut um Méindeg hunn déi vun Däitschland ugekënnegt verstäerkt Grenzkontrollen tëschent Däitschland a Lëtzebuerg ugefaangen. Nieft verschiddene mobile Kontrollen an engem Ëmkrees vun 30 Kilometer ronderëm d’Grenz, gëtt et och ee stationäre Kontrollpunkt. Dat op der däitscher Säit vun der Tréierer Autobunn A64 nom Chantier Markusbierg.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Däitsch Police-Camionetten | © picture alliance / Schoening | Schoening play_arrow
Foto: picture alliance / Schoening | Schoening

Déi däitsch Police seet, datt een de Frontaliers-Trafic net onnéideg mat de Kontrolle wéilt belaaschten. De Méindeg gouf et baussent de Stousszäiten gouf et och nëmmen e liichte Retard vun 10 Minutten.

U sech goufe Grenzkontrolle mam a Kraaft triede vum Schengen Accord 1995 komplett ofgeschaaft. Wisou dës temporär Grenzkontrollen elo awer méiglech sinn, leit um Stéchwuert “temporär”. Déi sinn nämlech bis maximal dräi Joer erlaabt a mussen all sechs Méint op en néits virun der EU-Kommissioun argumentéiert ginn. Zënter Oktober kontrolléiert Däitschland schonn un de Grenze vu Polen, Tschechien an der Schwäiz a schonn zënter 2015 der Grenz zu Éisträich.

Kontrolle banne vill Ressourcen

Stationär Kontrollpunkte 24 Stonnen, 7 Deeg an der Woch ze besetze kascht natierlech Ressourcen. Dofir huet d’Police vun Tréier Ënnerstëtzung vun der Bundesbereitschaftspolizei a vun engem mobiller Kontroll- an Iwwerwaachungsunitéit vu Koblenz, erkläert de Pressespriecher Stefan Döhn.

"Das ist schon sehr zéit- und personalintensiv. Da brauchen wir schon Unterstützung. Alleine würden wir das nicht, über diesen ganzen Zeitraum, geregelt bekommen."

Zu der Kritik vun der däitscher Policegewerkschaft vun Enn August - datt de Personalasaz fir Grenzkontrollen ze héich wier, wollt de Stefan Döhn sech awer net äusseren.

Frontaliere sollen net onnéideg kontrolléiert ginn

D’Grenzkontrolle sollen an der Haaptsaach illegal Migratioun an d‘Schleise vu Mënschen iwwer d‘Grenz beschränken. Deementspriechend géif sech och entscheeden, wéi een Gefier kontrolléiert gëtt a wéi eent net, seet de Stefan Döhn.

"Wir sagen es mal so: einheimische Kennzeichen die hier jeden Tag lang fahren oder ältere Leute, die passen halt nicht ins Raster."

Bei de Grenzkontrolle wärend der EM wiere vill Fäll vun illegaler Migratioun a Gewalt festgestallt ginn an et wiere souguer Schleisungen dobäi gewiescht, sou de Pressespriecher. De Stefan Döhn betount awer, datt Mënschen déi Asyl géife sichen, op dëser Plaz net géifen ofgewise ginn.

Déi aktuell Grenzkontrolle goufen d’lescht Woch vun der däitscher Innenministerin Nancy Faeser annoncéiert. De stationäre Kontrollpunkt op der Tréirer Autobunn wäert fir déi nächst 6 Méint Dag an Nuecht aktiv sinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Mobilitéit