Dänesch Ministerpresidentin fir Treffen mat hirem Homolog a Grönland ukomm
Déi dänesch Regierungscheffin Mette Frederiksen ass fir hir Visitt a Grönland zu Nuuk ukomm. Bei hirer Renconter mat hirem grönlänneschen Homolog Jens-Frederik Nielsen huet si vun enger graver Situatioun geschwat, an där ee misst zesummenhalen.
Déi dänesch Ministerpresidentin Mette Frederiksen am Gespréich mam grönlännesche Premier Jens-Frederik Nielsen (Foto: EPA/MADS CLAUS RASMUSSEN DENMARK OUT)
Elo wéilt si am Numm vun den Dänen der Grönlännescher Populatioun hire Support weisen, esou nach d‘Mette Frederiksen.
Déi dänesch Regierungscheffin hat virdrun e Gespréich mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte, do goung et ëm de sougenannten Accord dee mat den USA soll fonnt gi sinn. Vun dem Accord ass allerdéngs ëmmer nach näischt Präzises gewosst.