Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Georges Schmitt - Mimi Pinson - Trio Cénacle

play_arrow Live
opus

/ Charles Goerens iwwer Situatioun an Éisträich: Een Test fir déi politesch Responsabel

Méigleche rietspopulistesche Bundeskanzler

Charles Goerens iwwer Situatioun an Éisträich: Een Test fir déi politesch Responsabel

Ee méiglechen FPÖ-Bundeskanzler an Éisträich fir d‘Land selwer, a fir d‘EU ee Problem. Dat seet den DP-Europadeputéierte Charel Goerens am 100,7-Interview. Direkt e puer EU Institutioune géifen dovu gepräägt ginn.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

play_arrow
Foto: radio 100,7

Dat alles géif een Test fir déi politesch Responsabel duerstellen. 

De Charles Goerens fäert, datt d‘Wäertefundament vun der EU attackéiert gëtt. Dat géif den Ament souwisou scho wackelen. Elo misst Drock op déi éisträichesch ÖVP gemaach ginn, fir nach eemol ze versichen, mat anere Parteien eng Majoritéit ze fannen. All Koalitiounsgespréicher si bis elo gescheitert. Dat wier fir den DP-Politiker allerdéngs kee Grond opzeginn.

"Wann ee gesäit, wat um Spill steet fir d'Demokratie an Éisträich an och wat do kann iwwerschwappen op de Rescht vun der Europäescher Unioun, dann ass dat en Appell un d‘Vernonft."

Am Fall wou an Éisträich ee Bundeskanzler vum rietse Bord un d‘Rudder kéim, misst een deen ënner Surveillance stellen. De Charles Goerens erënnert un 2002, wou et schonn eng Koalitioun mat der FPÖ gouf. Deemools huet d‘EU ee Gremium agesat, fir d‘Rechtsstaatlechkeet ze garantéieren. 

Ganzen Interview mam Charles Goerens

Lauschterenplay_arrow