Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Dausende Leit hun den Affer vum Chrëschtmaart zu Magdeburg geduecht

No Attack

Dausende Leit hun den Affer vum Chrëschtmaart zu Magdeburg geduecht

Zu Magdeburg hunn Dausende Leit de Méindeg Owend mat enger Liichterketten den Affer vun der Attack um Chrëschtmaart geduecht. Si hunn och géint d'Politiséierung vun der Attack duerch riets Parteie protestéiert. Parallel dozou hat déi rietsextreem AfD eng Manifestatiounen op der Doumplaz an en Trauermarsch organiséiert.

auto_stories

1 min

Trauermanifestatioun zu Magdeburg | © picture alliance/dpa | Sebastian Willnow
Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Willnow

D'Attack zu Magdeburg stoung och am Mëttelpunkt vun der Chrëschtdagsusprooch vum däitsche President Frank Walter Steinmeier. Den Haass an d'Gewalt dierften net dat lescht Wuert hunn, sot hien.

De leschte Freideg war ee 50-Joer alen Dokter aus Saudi-Arabien mat engem Auto iwwer de Chrëschtmaart zu Magdeburg gerannt an hat fënnef Mënschen ëmbruecht. 235 Leit goufe blesséiert. Den Täter sëtzt an Untersuchungshaft.

Éischten Erkenntnisser no soll hien an islamfeindlechen a rietse Kreesser zirkuléiert an ënner dem Afloss vun Droge gestanen hunn. Et ginn och Indicen, datt hie psychesch krank ass.