Radioen

On air

Notturno  |  Heinrich von Herzogenberg - Sonat Nr.1 fir Cello a Piano a La Mineur, Op. 52, I. Allegro - Dimitri Maslennikov (Cello), Sabine Weyer (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Christophe Hansen wëll Agrarkommissär ginn

CSV-Europakandidat

Christophe Hansen wëll Agrarkommissär ginn

De Christophe Hansen, CSV-Kandidat bei den Europawalen, mécht keen Heel aus senger Ambitioun, europäesche Kommissär ze ginn. Hie wier vum Luc Frieden gefrot ginn, ob hie sech dat virstelle kéint, an hien hätt kee Moment gezeckt fir, Jo ze soen.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

Hien hätt sech a senger Zäit als Europadeputéierten an deenen Dossieren och eng gewëss Credibilitéit opgebaut, sou de Christophe Hansen.

"Ech mengen, ech hunn eng gewësse Kredibilitéit zu Bréissel, well ech notamment vill op Agrar- an Ëmweltdossiere geschafft hunn. An et sinn och scho Leit, fréier Ministeren aus anere Länner, déi net onbedéngt vu menger Partei sinn, déi op mech duerkomm si fir dat doten ze maachen."

Am Kader vun enger Table ronde um radio 100,7 sot de Christophe Hansen, Landwirtschaft, Ëmwelt a Commerce wiere Portefeuillen, déi hie staark interesséiere géifen.

"Landwirtschaft ass ganz kloer e Ressort, dee mech géif interesséiere. (...) Och Ëmwelt ass mengen ech interessant, Commerce ass interessant, wou ee ganz vill ka maachen."