Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  George Onslow - Nonetto, Op. 77, II. Scherzo (Agitato) - Ensemble Initium, Ensemble Contraste

play_arrow Live
opus

/ De Fransous Charlie Dalin gewënnt d'Seegelcourse Vendée Globe 

A Rekordzäit

De Fransous Charlie Dalin gewënnt d'Seegelcourse Vendée Globe 

De Fransous Charlie Dalin huet déi berüümt Seegelcourse Vendée Globe gewonnen. Am 100,7-Interview huet de Lëtzebuerger Seegler Jérôme Merker dës Performance kommentéiert a betount, wéi grouss dësen Exploit ass. Den Charlie Dalin huet de viregte Rekord nämlech ëm 10 Deeg verbessert.

auto_stories

5 min

headphones

8 min

Vendée globe | © picture alliance / NurPhoto | Estelle Ruiz play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Estelle Ruiz

No 64 Deeg um Mier ass hien um Dënschdegmoien als éischten zu Sable d‘Olonne un der franséischer Atlantik Küst ukomm. Hien huet en neie Rekord realiséiert a fir d‘Course ronn 10 Deeg manner gebraucht, wéi de viregte Rekord aus dem Joer 2017.

Näischt gëtt dem Zoufall iwwerlooss

De Lëtzebuerger Skipper Jérôme Merker ass déi Course zwar nach ni gefuer, weess awer, wat et heescht, e puer Deeg eleng op engem Seegelschëff iergendwou dobaussen no Mier ze sëtzen. 

Hie vun engem "historesche" Rekord. Bei enger Course, déi ëm déi 60 oder 70 Deeg dauert, géinge ganz vill Facteure matspillen. De Rekord vu bis elo gouf virun aacht Joer opgestallt. An deenen aacht Joer hätt och vill geännert, erkläert de Jérôme Merker, notamment um technologesche Plang.

"Déi Booter, déi haut elo déi Course fuere sinn nach ze vergläiche mat deene Booter vu virun aacht Joer, mee d'Technologie huet sech awer därmoosse schnell entwéckelt iwwert déi lescht Joren, datt se méi schnell a méi liicht sinn."

Och um Niveau vun der Preparatioun gëtt näischt méi dem Zoufall iwwerlooss, betount de Seegler. Am Virfeld géing alles akribesch preparéiert ginn. Schlussendlech huet dëst Joer d'Meteo och matgespillt.

De Lëtzebuerger Seegler Jérôme Merker. | © radio 100,7
De Lëtzebuerger Seegler Jérôme Merker. (Foto: radio 100,7)

Nei Technologie

Ee Gamechanger wieren allerdéngs och d'Booter. Déi sougenannte "Foils" erlaben et dem Seegler, quasi iwwer d'Waasser ze fléien.

Dës Booter hunn Extensiounen, déi lénks a riets um Boot hänken, déi festgeschrauft sinn an déi dem Boot erlaben, bei héije Geschwindegkeeten sech aus dem Waasser ze hiewen. Dat erlaabt et de Widderstand mam Waasser ze verréngeren an doduerch méi héich Duerchschnëttsgeschwindegkeeten ze erreechen. 

D'Technologie gëtt et scho méi wéi zéng Joer, mee héich Geschwindegkeeten ze erreeche bleift relativ schwéier. Virun allem bei Coursen, déi iwwer iwwer 60 oder 70 Deeg ginn. 

Bis zum Schluss konzentréiert bleiwen

Den Charlie Dalin huet sech e ganz serréierten Duell an dëser Course geliwwert mam zweetplacéiertem Yohann Richomme. Si haten ee Moment südlech vum Kap Hoorn souguer Bléckkontakt. Eppes, wat net esou üblech ass an enger Course, déi iwwer 25.000 Séimeile geet, betount de Lëtzebuerger Skipper. Dat si méi wéi 45.000 Kilometer. Bei gréissere Gruppéierunge vu Seegler kéint Bléckkontakt awer méi dacks de Fall sinn.

"Et sinn net déi eenzeg Konkurrenten, déi hei sou Kapp u Kapp sinn. Hannendru kënnt och e Grupp vu siwe Skipperen, wou se sech och relativ reegelméisseg gesinn, mee esou onüblech ass et och erëm net, well oft déi strategesch Choixen, déi se treffen, oft déi nämmlecht sinn, soudass et ka virkommen, dass ee sech vun Zäit zu Zäit awer gesäit."

Iwwert déi lescht Deeg nach konzentréiert bleiwen a keng Feeler maachen. Dat ass zum Schluss vun esou enger Course dee gréissten Defi, seet de Jérôme Merker.  Grad laanscht déi bretonesch Küst "muss ee wierklech oppassen" seet de Seegler. "Do kann och nach eppes schif goen."

Viru véier Joer gouf et de Fall, wou ee Skipper mat engem Fëscherboot kollidéiert ass, an dat just kuerz viru Schluss. 

118 Deeg Zäit fir un d'Zil ze kommen

Bis déi lescht Seegler ukommen, wäert et och nach Wochen daueren, well déi Lescht an der Course sinn am Moment an der Géigend vun Neuseeland a Südamerika ënnerwee. 

Et gëtt och een Delai, wéi de Jérôme Merker erkläert. Dee leschten, dee muss virun 118 Deeg d'Zillinn iwwerschratt hunn. Dat ass d'Zäitreferenz vun der leschter Course. 

Lauschterenplay_arrow