Radioen

On air

Notturno  |  Johann Gottlieb Goldberg - Concerto fir Cembalo a Mi bémol Majeur - Alina Ratkowska (Cembalo & Dir.) Goldberg Baroque Ensemble

play_arrow Live
opus

/ De Lëtzebuerger Auteur Pierre Joris ass dout

Am alter vun 78 Joer

De Lëtzebuerger Auteur Pierre Joris ass dout

De Schrëftsteller, deen zanter Joren a den USA gelieft huet, ass am Alter vun 78 Joer zu Brooklyn verscheet. De Pierre Joris war zu Stroossbuerg gebuer an ass zu Ettelbréck opgewuess.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

© Nicole Peyrafitte play_arrow
Foto: Nicole Peyrafitte

Hien huet awer déi meeschten Zäit am Ausland gelieft. Zu New York, London an Algerien. Hien hat eng duebel Lëtzebuergesch-US-amerikanesch Nationalitéit. Hie selwer huet sech als Nomad vun der Litertaur bezeechent, en Explorateur, deen duerch international Literaturen a Kulturen a ville Sproochen navigéiert. 

2020 huet de Pierre Joris de Batty Weber Präis fir säi Liewenswierk kritt.

Fir nozelauschteren

D'Valerija Berdi mat engem Bäitrag iwwer a mam Pierre Joris.

Lauschterenplay_arrow

An eiser Emissioun Kultur um 5 huet de Jean Portante, dee ganz enk mam Pierre Joris befrënt war an hien als säi Mentor bezeechent huet, ee Bréif virgelies, deen hien dem Joris kuerz viru sengem Doud geschriwwen huet.

Lauschterenplay_arrow