De Kulturminister hätt lescht Woch, bei der Demande den Demissiounsbréif vum Patrick Majerus ze kréien, behaapt, datt de fréiere President vum Verwaltungsrot gefrot hätt fir de Bréif net ëffentlech ze maachen. De Patrick Majerus huet awer an enger Email, déi dem 100,7 och virläit, am Januar un de Kulturministère an d’Direktioun vum Musée geschriwwen, datt ee säi Bréif aus Transparenzgrënn dierft ëffentlech maachen.
Een Demissiounsgrond solle falsch Beschëllegunge sinn
Deementspriechend hätt de Kulturminister gelunn, esou D'Djuna Bernard. De Kulturminister huet dorop geäntwert, datt hie kee Probleem hätt méi Detailer weider ze ginn, wann dat fir de Patrick Majerus an der Rei wier. Esou laang keng sensibel Donnéeën dra sinn. Dem Eric Thill säi leschte Stand wier gewiescht, datt de Patrick Majerus net gewollt hätt, datt dee Bréif ëffentlech gemaach gëtt.
“Wann den Här Majerus, an ech ginn net an de leschten Detail, bei mech an de Büro kënnt, an erkläert, datt do e Bréif ass, wou Saachen dra stinn, déi confidentiel sinn, déi ee mir wëllt mat op de Wee ginn an déi net sollen ëffentlech ginn, da stinn ech dozou. Dat ass dat Éischt. Wann dann awer Maile solle ronderëm goen, an ech huelen dat doten Eescht, déi dann anscheinend nach eng Kéier sollen u Mataarbechter vum Ministère geschéckt ginn, da kontrolléieren ech dat. A wann dat de Fall soll sinn, dann hunn ech kee Problem, wann dat dem Här Majerus säi Wëlle wier, fir Iech dat nach mat op de Wee ze ginn.”
Am Demissiounsbréif vum Patrick Majerus, deen eis virläit, nennt de fréiere President vum Verwaltungsrot d’Grënn fir säi Récktrëtt. Ee vun de Grënn wier, deem Bréif no, datt de Patrick Majerus méi wéi eng Kéier mat falsche Beschëllegunge konfrontéiert gi wier. De Patrick Majerus huet sech zënter senger Demissioun nach net zu der MUDAM-Affär geäussert.
Muer de Mëtten soll eng Resolutioun gestëmmt ginn
An deem Sënn hunn déi gréng eng Resolutioun agereecht, domat méi Transparenz herrscht, wann d’Deputéiert no Dokumenter froen. D’Chamber misst hir Kontrollfunktioun jo awer ausüben, och wann ee wéisst, datt d’Dokumenter am Viraus missten anonymiséiert ginn, esou d’Djuna Bernard. D’Resolutioun soll um Mëttwochmëtte diskutéiert a gestëmmt ginn.