Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ De Scott Bessent soll neien US-Finanzminister ginn

USA

De Scott Bessent soll neien US-Finanzminister ginn

Den Investor wäert mussen ee Wee fannen, fir dem Trump seng Walkampfversprieche vu Steierreduktiounen a méi héijen Importtaxen ëmzesetzen.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Den Trump huet de Freideg weider Nominéierungen annoncéiert. Esou soll déi aktuell Deputéiert Lori Chavez-De Remer Aarbechtsministerin ginn. Si gëlt als moderat Republikanerin, den Trump hofft esou en Drot zu de Gewerkschafte kënnen opzebauen.

E wichtege Posten am Hannergrond soll de Russel Vought kréien, hie soll de Büro fir Management a Budget iwwerhuelen. De Vought ass den Auteur vun den ëmstriddene Pläng iwwert en Ëmbau vun der amerikanescher Regierung. D‘Iddi ass et ënner anerem d‘Onofhängegkeet vu verschiddenen Administratiounen ze beschneiden.