Radioen

On air

Notturno  |  Nikolai Mjaskowski - Sonat fir Piano Nr.3 an Do Mineur, Op. 19 - Sabine Weyer (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Boris Pistorius mécht Wee fräi fir Scholz-Kandidatur

Däitschland

Boris Pistorius mécht Wee fräi fir Scholz-Kandidatur

D‘Diskussioune sinn eriwwer: Den aktuellen däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz wäert e Méindeg nach emol als Kanzlerkandidat vu senger Partei nominéiert ginn. Déi Decisioun ass gëschter no digitale Gespréicher vum SPD-Comité zu Berlin gefall.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Michael Kappeler play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

De Verdeedegungsminister Boris Pistorius, iwwert deem seng Kandidatur deeglaang spekuléiert gouf, huet der Parteispëtzt matgedeelt, datt hien net zur Verfügung steet. Hien ënnerstëtzt den Olaf Scholz.

Eisen Däitschland-Korrespondent Mathias Kirsch mat sengen Aschätzungen.

Lauschterenplay_arrow