Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Horovitz - Music hall suite, III. Adagio Team - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ De franséischen Acteur Alain Delon ass dout

Am Alter vun 88 Joer

De franséischen Acteur Alain Delon ass dout

Den Alain Delon ass dout. Dat hunn déi dräi Kanner vun der franséischer Kinoslegend de Moien an engem Communiqué matgedeelt. Den Acteur hat 88 Joer.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Cannes | Camilla Morandi/Cannes / IPA

E Provokateur, en äiskalen Engel, e Meeschter vun der Séductioun: Esou kann een den Alain Delon, besonnesch a senge jonke Joren, beschreiwen.

De franséischen Acteur huet Filmgeschicht geschriwwen. E war och ëmmer en Typ, deen net mat provokanten Aussoe gespuert huet. Aussoen, déi awer deels en ongesonde rietse Charakter haten, an déi net grad iwwerall op Sympathie gestouss sinn. Den Alain Delon ass elo mat 88 Joer gestuerwen.

Déi graff Zich am Gesiicht, besonnesch ronderëm de Mond waren an de leschte Jore verschwonne. Se ware méi douce ginn, an och säi Bléck war net méi esou pertinent a kill wéi nach zu Zäiten, wou hie mam Romy Schneider fir den Erotikthriller “La Piscine” virun der Kamera stoung.

Ma säin Driff zur Provokatioun hat den Alain Delon ni verluer.

"Firwat dierfen d’Fransousen net zum Front National tendéieren, wa si es mat der Politik vun der Gauche bis uewen hin hunn", hat de Alain Delon emol an engem Interview mam Magazine “TV-Magazine” gefrot.

Den Delon selwer nämlech war e Frënd vum Jean-Marie Le Pen, dem Grënner vum rietsextreme Front National

Den Alain Delon stoung  a senger laanger Karriär fir iwwer 80 Filmer vrun der Kamera, dorënner Haaptwierker wéi “Rocco et ses frères” oder  “Plein Soleil”.

Seng lescht gréisser Roll hat en 2010 am Film “Un mari de trop”.

Säi Liewenswee hin zum Star

De Cineast Philippe Kohly hat fir säin 80. Anniversaire 2015 en Documentaire mam Titel “Alain Delon, cet Inconnu” Acteur realiséiert. E Portrait, fir deen de Kohly Interviewe vum Delon aus 40 Joer Karriär analyséiert huet. Hei gouf probéiert, hannert d’Fassade vum äiskalen Engel ze kucken, deen den Delon 1967 am Jean-Pierre Melville sengem Gangsterfilm “Le samourai” gespillt huet.

Den Documentaire huet en Acteur an e Mënsch gewisen, deen als Kand ënnert der Scheedung vu sengem Eltere gelidden huet. 4 Joer jonk war den Delon wou seng Elteren ausernee gaange sinn, a hie selwer koum an eng Fleegefamill, wou de Papp Giischtjen an engem Prisong war.

Den Alain Delon ass a ville Schoulen erausgeflunn, goung dunn als Zaldot an den Indochina-Krich.

Dono, nees zeréck zu Paräis, huet hien hei an do gejobbt fir sech iwwer Waasser ze halen, niewebäi huet hien Acteurscoursë geholl.

Am Interview mat “TV Magazine” sot de Delon och, datt hien a senger Kandheet vill Zäit am Prisong verbruecht huet, op d'mannst emol am Haff vum Prisong vu Fresnes, wou hie mat de Kanner vun den anere Giischter gespillt huet.

Schlagzeilen an der Boulevardpress

Mee och seng sëllegen Affairen hunn de Boulevardzeitungen ëmmer nees pikant Storye ginn. Mam Romy Schneider zesumme war den Alain Delon d’Glamour-Koppel vun de 1960er Joren, D'Trennung nëmme 4 Joer no hirer Verlobung 1959, ass der Actrice nawell zolidd nogaangen. 1963 hat si esou probéiert, sech d’Liewen ze huelen.

Den Delon sot spéider an engem Interview an der Zeitung “Le parisien”, datt d’Romy Schneider déi grouss Léift vu sengem Liewe war.

Privat huet den Delon an de leschte Jore fir Schlagzeile mat sengem Gesondheetszoustand gesuergt. Seng dräi Kanner hunn ëffentlech iwwert d‘Fleeg an d‘Ierwe vun hirem berüümte Papp gestridden.

D’Filmlegend

Luchino Visconti, Jean Pierre Melville, Jean Luc Godard, Volker Schlöndorff an esou weider: Den Alain Delon huet mat alle grousse Realisateuren geschafft.

Hien hätt wuel nach eng gréisser Karriär kéinte maachen, mengt de Cineast Philippe Kohly, wann den Delon net esou en Déckkapp gewiescht wier. Hien huet sech näischt soe gelooss, hie wollt alles selwer decidéieren, alles kontrolléieren, hie war egozentresch, op sech selwer konzentréiert, hie wollt dominéieren.

Problemer mat der Gesondheet hunn den Delon gezwongen an de leschte Jore méi lues ze maachen. 2019 war et eng läscht grouss Apparitioun an der Ëffentlechkeet. Deemools hat hien eng Éierepalm fir säi Liewenswierk um Filmfestival zu Cannes kritt.

Lauschterenplay_arrow