Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Astor Piazzolla - Tanguedia I - The Wave Quartet

play_arrow Live
opus

/ Den Alexander Schallenberg gëtt éisträicheschen Iwwergangskanzler

Éisträich

Den Alexander Schallenberg gëtt éisträicheschen Iwwergangskanzler

Den ÖVP-Ausseminister vu bis elo, soll deemno déi aktuell Koalitioun vu Konservativen a Gréngen nach sou laang weiderféieren, bis eng nei Regierung steet.

auto_stories

1 min

Alexander Schallenberg | © picture alliance / dts-Agentur | -
Foto: picture alliance / dts-Agentur | -

Dat huet de Büro vum Bundespresident matgedeelt. De Kanzler vu bis elo, Karl Nehammer huet de Weekend säi Récktrëtt annoncéiert, nodeems hie keng Koalitioun zustane kritt huet. Hie soll e Freideg formell demissionéieren.

Den Alexander Schallenberg sot awer schonn, datt hien net an enger Regierung mat der FPÖ wéilt sinn.

Den Herbert Kickl vun der rietsextremer FPÖ huet jo den Optrag, eng nei Regierung ze forméieren a wëllt mat der ÖVP eng Koalitioun maachen.