Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Franz Xaver Richter - Sträichquartett an Do Majeur, Op. 51, I. Allegro con brio - Martinu Quartet

play_arrow Live
opus

/ A Kalifornie spëtzt sech d‘Situatioun vun de Bëschbränn zou

52.000 Persoune sollen Haiser verloossen

A Kalifornie spëtzt sech d‘Situatioun vun de Bëschbränn zou

Op d‘mannst zwee Doudeger an eng Parti Blesséierter gi gemellt. Dausend Gebaier sinn zerstéiert. Kee vun de 4 Groussbränn ass fir den Ament ënner Kontroll.

auto_stories

1 min

Iwwer 52.000 Leit si bei Los Angeles opgeruff hir Haiser ze verloossen, esou d‘Autoritéiten. Staarke Wand mat Spëtzte vu bis zu 160 Kilometer an der Stonn kéint d‘Situatioun an den nächste Stonnen zousätzlech verschäerfen, esou ee Spriecher vun de Pompjeeën géintiwwer CNN. D‘Uersaach vun de Bränn ass nach onkloer. Et wier ee vun de bedéitendste Bränn an der Geschicht, esou de Chef vum nationale Meteo-Service vu Los Angeles géintiwwer der BBC.