Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Gei a Piano a Mi bémol Majeur, Op. 1, KV 302 (293b) - Tomas Cotik (Gei), Tao Lin (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Wéi eng Ënnerstëtzung brauch een an der Trauer?

Allerhellegen

Wéi eng Ënnerstëtzung brauch een an der Trauer?

Trauer wier eng normal Saach, seet d'Direktesch vun der ASBL Omega 90, déi Leit ënnerstëtzt, déi eng Persoun verluer hunn, déi hinne no stoung. Trauer wier eppes Individuelles an déi meescht Leit bräichten an där schwéierer Zäit keng Hëllef vu baussen.

auto_stories

2 min

headphones

10 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Am Fall vun engem Suicide am noen Ëmfeld wier dat awer zum Beispill anescht, seet d'Nicole Weis. A sou engem Fall wier et zum Beispill kloer, datt Kanner Hëllef vun engem Psycholog bräichten. Och wann ee sech net konnt virbereeden, wier et méi schwéier mam Verloscht vun engem Mënsch eens ze ginn.

Bei Omega 90 këmmere sech 10 Psychotherapeuten an 3 bis 5 Seancë ganz individuell ëm d'Leit. Generell géife sech den November net méi Leit bei Omega 90 mellen, ausser Mënschen, déi souwisou schonn op engem méi laangen Trauerwee sinn, seet d‘Nicole Weis. Typescherweis melle sech ronderëm d'Chrëschtdeeg méi Leit bei der Associatioun. 

Ausbildung vu Gemengeresponsabelen

Haut géifen och ëmmer méi Zeremonië stattfannen, déi laizistesch sinn, an dofir hätt een elo och ugefaange Buergermeeschteren a Gemengeresponsabel auszebilden. Eng Offer, déi och immens gutt géif ugeholl ginn.

"Alles wat nom Doud, oder ronderëm den Doud gutt ofleeft, hëlleft, datt d'Trauer herno een normale Wee hëlt."

D'Trauer mat aushalen

Et géif een de Gemengeresponsabelen erklären, wat een iwwerhaapt an esou Fäll kéint soen, wéi een e Gespréich ufänkt an "wat kann ech maachen, wann eng Persoun ufänkt ganz fuerchtbar ze kräischen".

An deene meeschte Fäll géif et hëllefen, einfach do ze sinn an d'Trauer mat auszehalen. Dat wier net einfach, mee et wier méi einfach, wéi ee mengt, sou d'Nicole Weis vun Omega 90.