Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Stäichquartett Nr.1 a Ré Majeur, Op. 11, II. Andante Cantabile - Mandelring Quartett

play_arrow Live
opus

/ Tilly Metz: Méiglech Nominatioun vum Raffaelle Fitto "e Schlag an d'Gesiicht"

Kandidat fir Vizepresident vun der EU-Kommissioun

Tilly Metz: Méiglech Nominatioun vum Raffaelle Fitto "e Schlag an d'Gesiicht"

Wann de Raffaelle Fitto vun de Fratelli d’Italia sollt Vizepresident an der neier EU-Kommissioun ginn, da wier dat ee Schlag an d‘Gesiicht, seet déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

play_arrow

D'Auditioune vun den designéierten EU-Kommissären zu Bréissel ginn haut um Dënschdeg mam Hearing vun de sechs potentielle Vizepresidenten op en Enn. Dorënner eben och den ëmstriddene Kandidat Raffaele Fitto, dee vun der italieenescher Premierministerin Georgia Meloni nominéiert gouf.  Et wier net ze vermeiden, datt een e Kommissär aus Italien aus der Famill vun der Madamm Meloni kéint kréien.

"Mee datt de Vizepresident gëtt domadder, dat ass fir mech wierklech en No Go."

Lauschterenplay_arrow